D’YEP-Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren. Veuillez accepter les cookies de marketing pour suivre cette vidéo. Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP-Schoulfoire ëm fënnef Pilieren: d’Lëtzebuerger Lycéeën de Ministère, d’Maison de l’orientation an d’Schouloffer de Léierplazendag déi néng Formatiounswelten d’Atelieren & d’Shows Programm vun deenen 3 Deeg: Programm - D’YEP-Schoulfoire