Bei den Inhalt goen

Apprentissage non formel

Lescht Aktualiséierung : 01.02.2024

Definitioun

Uneegne vu Wëssen, Knowhow, Informatioun, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen am Kader vu geplangten Aktivitéiten (a puncto Léierziler, Léierzäit a pedagogesch Ressourcen), wou d'Léieren an enger bestëmmter Form ënnerstëtzt gëtt (z. B. Verhältnis Apprenant(e)-Enseignant(e)/Formateur/Formatrice).

Commentaire:

  • Net formellt Léieren ass aus der Siicht vun den Apprenante(ë) gewollt;
  • et ka Programmer fir d'Vermëttlung vu beruffleche Fäegkeeten, fir d'Alphabetiséierung vun Erwuessenen a fir d'Grondbildung fir Jonker, déi mat der Schoul opgehal hunn, ëmfaassen; typesch Beispiller fir net formellt Léiere si Formatiounen an der Entreprise, mat deenen den Employeur d'Kompetenze vun de Mataarbechter op de neiste Stand bréngen a verbessere wëll (z. B. am Beräich vun de KIT), strukturéiert Online-Formatiounen (z. B. mat Hëllef vu fräi zougängleche Bildungsressourcen) a Coursen, déi Organisatioune vun der Zivilgesellschaft hire Memberen, hirer Zilgrupp oder der Allgemengheet ubidden;
  • d'Resultater vum net formelle Léiere kënne validéiert a certifiéiert ginn;
  • net formellt Léiere gëtt heiansdo och hallef strukturéiert Léiere genannt;
  • dëse Begrëff ass Famill, awer net synonym mat: informellt Léieren.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"