Bei den Inhalt goen

Aptitudes et compétences fondamentales

Lescht Aktualiséierung : 31.01.2024

Definitioun

Fäegkeet, eng oder méi Sproochen ze verstoen, ze schwätzen, ze liesen an ze schreiwen, mat Zuelen a Moossen, genee ewéi mat digitale Geräter an Applikatiounen ëmzegoen.

Commentaire:

  • D'Grondfäegkeeten a -kompetenze stellen d'Grondlag duer, fir mat aneren ze interagéieren a sech als Persoun ze entwéckelen an ze léieren;

  • si stellen eng vun de sechs Kategorië vun transversale Kompetenze vun ESCO duer, nämlech:
    • Grondfäegkeeten a -kompetenzen;
    • Selbstmanagementfäegkeeten a -kompetenzen;
    • Denkfäegkeeten a -kompetenzen;
    • kierperlech a manuell Fäegkeeten a Kompetenzen;
    • sozial a kommunikativ Fäegkeeten a Kompetenzen;
    • Liewensfäegkeeten a -kompetenzen.
  • D'Grondfäegkeeten a -kompetenze setze sech aus dräi Gruppen zesummen:
    • Beherrsche vu Sproochen;
    • Ëmgang mat Zuelen a Moossen;
    • Benotze vun digitale Geräter an Applikatiounen.
  • An der Literatur ginn d'Grondfäegkeeten a -kompetenzen och nach als Basisfäegkeeten oder Basiskompetenzen bezeechent;

  • dëse Begrëff ass Famill, awer net synonym mat: Schlësselkompetenzen.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"