Bei den Inhalt goen

Cadre européen commun de référence pour les langues (CECR)

Lescht Aktualiséierung : 12.02.2024

Definitioun

Kader, deen eng transparent, kohärent a méiglechst ëmfaassend Basis fir d'Ausschaffe vu Sproocheprogrammer, Richtlinne fir d'Programmer, Unterrechts- a Léiermaterial an d'Evaluatioun vu Kompetenzen a Friemsprooche bitt.

Commentaire:

De GER beschreift d'Kompetenzen an de Friemsproochen op sechs Niveauen: A1, A2, B1, B2, C1 an C2. En definéiert och dräi Tëschenniveauen (A2+, B1+, B2+). Dës Skala erméiglecht et:

  • Unterrechts- a Léierziler festzeleeën;
  • Programmer ze (re)organiséieren;
  • Unterrechtsmaterial ze entwerfen;
  • duerch d'Schafe vun enger Basis fir d'géigesäiteg Unerkennung vu Certificatiounen an de Sproochen, Tester an Examen a verschiddene Sproochen ze vergläichen an esou d'Mobilitéit am Bildungsberäich an am Beruffsliewen ze fërderen.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"