Bei den Inhalt goen

Virtuell Klass

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Gemeinsaamt, synchroont Online-Léierëmfeld, an deem den Enseignant/d'Enseignante oder de Formateur/d'Formatrice an d'Apprenanten zesumme schaffen a gläichzäiteg interagéieren.

Commentaire:
  • An enger virtueller Klass leeden den Enseignant/d'Enseignante oder de Formateur/d'Formatrice de Léierprozess an ënnerstëtzen d'Gruppenaktivitéiten an d'Diskussiounen;
  • zu den Tools, déi an enger virtueller Klass agesat ginn, gehéieren:
    • Videokonferenzen;
    • Online-Tafelen, fir an Echtzäit zesummenzeschaffen;
    • Instant-Messaging-Tools;
    • Participatiounskontrollen;
    • Raim fir sech opzedeelen (Breakout rooms).

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"