Bei den Inhalt goen

International Standardklassifikatioun vun de Beruffer (ISCO-08)

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Instrument fir d'Klassifikatioun vun alle Beschäftegungen a Beruffsgruppen, déi op der Grondlag vun den Aufgaben, déi mat hinne verbonne sinn, kloer definéiert goufen. Déi aktuell Versioun (ISCO-08) besteet aus zéng Haaptberuffsgruppen, déi a weider Ënnergruppen ënnerdeelt sinn:

  • Direkteren, Direktiounskaderen a Manager;
  • Intellektuell a wëssenschaftlech Beruffer;
  • Techniker a gläichrangeg nettechnesch Beruffer;
  • Employéen am administrative Beräich;
  • Déngschtleeschtungsberuffer a Verkeefer;
  • Baueren a qualifizéiert Aarbechter an der Landwirtschaft, Forstwirtschaft a Fëscherei;
  • Qualifizéiert Beruffer an der Industrie an am Handwierk;
  • Bedénge vun Installatiounen a Maschinnen a Beruffer am Montage;
  • Hëllefsaarbechtskräften;
  • Militäresch Beruffer.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"