Bei den Inhalt goen

Kumuléierbar Kreditter/Unitéiten

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Kohärenten Ensembel vu Léierresultater, déi Deel vun enger Certificatioun sinn, déi vun enger zoustänneger Autoritéit op der Basis vun enger predefinéierter Norm evaluéiert a validéiert goufen an déi am Hibléck op eng Certificatioun kumuléiert oder op aner Léierprogrammer oder Certificatiounen iwwerdroe kënne ginn.

Commentaire:

  • Eng Persoun kritt e Kredit, wa si unhand vun enger adäquater Evaluatioun noweist, datt si déi erwaarte Léierresultater erreecht huet;
  • De Kredit kann an enger quantitativer Form ausgedréckt ginn (z. B. Kreditter oder Kreditpunkten), déi den erwaarten Aarbechtsopwand vum Apprenant fir déi jeeweileg Resultater ze erzilen, erëmspigelt.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"