Erasmus+

Ännert Liewen, erweidert den Horizont
Lescht Aktualiséierung : 21.06.2024

Allgemenges

De Programm 2021-2027 setzt e staarken Akzent op d'sozial Inklusioun, den ekologeschen an digitale Wandel an d'Fërderung vun der Bedeelegung vun deene Jonken um demokratesche Liewen.

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Erasmus+ ass prioritär ausgeriicht op d'finanziell Ënnerstëtzung:

  • vun der Mobilitéit an den Aktivitéite vun Apprenanten (Schüler, Studenten, jonk an erwuessen Apprenanten),
  • vun der Mobilitéit an de Kooperatiounsmoossname vum Personal aus dem Bildungs-, Formatiouns-, Jugend- a Sportberäich.

Privatpersounen ass et net erlaabt, eng individuell Kandidatur fir de Programm Erasmus+ anzereechen (eng Ausnam gëllt fir Kandidaturen, déi am Numm vun engem Grupp vu Jonker mat Aktivitéiten an der sozio-edukativer Animatioun agereecht ginn), mee mussen iwwer eng Organisatioun lafen. D'Organisatiounen (Schoulen, Etablissementer, Institutiounen, A.s.b.l en, ...) kënne Partner an engem Erasmus+-Projet sinn oder en Erasmus+-Projet areechen a kréien, wann de Projet accordéiert gëtt, de Co-Finanzement zougesprach, fir d'Mobilitéit vu Privatpersounen ze ënnerstëtzen.

Haaptaktiounen

Den Erasmus+-Programm besteet aus 3 groussen Haaptaktiounen.

1. Haaptaktioun - Mobilitéit vun Eenzelpersoune fir Léierzwecker

D'Mobilitéitsofferen an de Beräicher Schoulbildung, berufflech Bildung an Ausbildung, Héichschoulbildung, Erwuessenen- a Jugendbildung a Sport zielen zu den zentralen Aktivitéite vum Programm Erasmus+.

Onofhängeg vun Alter a Bildungsniveau kréien d'Leit am Kader vun engem Erasmus+-Projet d'Méiglechkeet, an d'Ausland ze reesen oder sech mat Persounen aus anere Länner auszetauschen. D'Zil vun dëser Mobilitéit besteet doranner, datt d'Participanten hir Kompetenzen ausbauen, fir sech aktiv um Aarbechtsmaart an un der Gesellschaft ze bedeelegen an zu der sozialer Inklusioun an der Entwécklung vun enger europäescher Identitéit bäizedroen.

Betraff sinn:

  • Schüler, déi am Kader vun der Schoulbildung un enger Eenzel- oder Gruppemobilitéit an d'Ausland interesséiert sinn,
  • Léierjongen a -meedercher, Apprenanten a jonk Diploméierter an der berufflecher Ausbildung, déi Stagen an Entreprisen oder Beruffsinstituter an Europa an op internationalem Niveau maache wëllen, déi u Beruffsconcoursen deelhuele wëllen oder déi un enger Gruppemobilitéit an d'Ausland interesséiert sinn,
  • Studenten, Doktoranden an Diploméierter aus dem Enseignement supérieur, déi drun interesséiert sinn, wärend engem gewëssen Zäitraum an Europa oder op internationalem Niveau ze studéieren oder e Stage ze maachen oder un intensiven hybride Programmer (Programmer, déi eng Aktivitéit vu méi kuerzer physescher Mobilitéit mat enger virtueller Komponent verbannen) deelzehuelen,
  • erwuessen Apprenanten, déi vun de perséinlechen Entwécklungsméiglechkeete profitéiere wëllen oder hir Grondkompetenzen duerch individuell oder Gruppemobilitéit verbessere wëllen,
  • jonk Leit, déi un engem „Jugendaustausch”, un „Aktivitéite fir d'Jugendbedeelegung” an un „Discover EU” deelhuele wëllen,
  • Persounen, déi an de Beräicher Educatioun, Formatioun a Jugend schaffen, an déi Enseignements- oder Formatiounsmissiounen an Aktivitéiten am Kader vun der Formatioun vum Personal duerchféiere wëllen, genee ewéi Membere vum Personal aus den Héichschoulinstituter, déi drun interesséiert sinn, un intensiven hybride Programmer (Programmer, déi eng Aktivitéit vu méi kuerzer physescher Mobilitéit mat enger virtueller Komponent verbannen) deelzehuelen,
  • Enseignanten an Educateuren, déi an der Ausbildung sinn, déi hire Stage am Ausland absolvéiere kënnen.
  • d'Traineren an aner Membere vum Personal (bezuelt a benevolet Personal), déi a sportlech Organisatiounen agebonne sinn an déi hir Kompetenze weiderentwéckele wëllen, fir d'Capacitéite vun hirer Organisatioun ze verstäerken.

Ausserdeem kënnen Organisatiounen, déi an de Beräicher Educatioun a Formatioun (mat Ausnam vum Secteur vum Enseignement supérieur) aktiv sinn, Experten alueden, fir hir Unterrechts- a Léiermethode weiderzëentwéckelen.

Haaptaktioun 2 - Zesummenaarbecht tëschent Organisatiounen an Institutiounen

D'Projete fir d'Fërderung vun der Kooperatioun entspriechen dem Besoin un innovative Praktiken an un Zesummenaarbecht an Erfarungsaustausch op europäeschem Plang. Si si méiglech fir all Zorte vun Organisatiounen, déi am Beräich vun der Educatioun, der Formatioun, der sozio-edukativer Animatioun an an anere sozio-ekonomesche Secteuren aktiv sinn.

Ofhängeg vun den Objektiver an der Zesummesetzung vum Projet gëtt tëschent 2 verschiddenen Zorte vu Partenariat ënnerscheet:

  • D'Kooperatiounspartenariater
    • sinn drop ausgeriicht, Initiativen aus engem oder e puer Beräicher vun der Educatioun, der Formatioun, der Jugend an dem Sport ze entwéckelen,
    • kënnen tëschent 12 a 36 Méint daueren,
    • mussen op d'mannst 3 Partner aus 3 verschiddene Länner implizéieren (d'Koordinatiounsorganisatioun muss zënter mindestens 2 Joer legal etabléiert sinn),
    • kënne vun enger europäescher Subventioun an Héicht vun 120.000€, 250.000€ oder 400.000€ pro Projet profitéieren,
  • d'Projeten am klenge Moossstaf
    • sinn drop ausgeriicht, Initiativen aus engem oder e puer Beräicher vun der Educatioun, der Formatioun, der Jugend an dem Sport ze entwéckelen (woubäi de Secteur vum Enseignement supérieur ausgeschloss ass),
    • kënnen tëschent 6 a 24 Méint daueren,
    • mussen op d'mannst 2 Partner aus 2 verschiddene Länner implizéieren,
    • kënne vun enger europäescher Subventioun an Héicht vun 30.000€ oder 60.000€ profitéieren.

3. Haaptaktioun - Ënnerstëtzung vun der Politikentwécklung a vun der Kooperatioun

Déi 3. Haaptaktioun gëtt direkt vun der Europäescher Kommissioun geréiert.

Dës Haaptaktioun ënnerstëtzt:

  • d'Aktioun "Déi jonk Europäer zesummen", déi sech un d'Jugendorganisatioune riicht, déi grenziwwerschreidend Partenariater fir d'Fërderung vu regionale Partenariater an enker Zesummenaarbecht mat de Jonken aus ganz Europa opbaue wëllen.

Déi 3. Haaptaktioun ënnerstëtzt ausserdeem d'Jean Monnet-Aktiounen "Enseignement a Fuerschung" a "Jean Monnet-Netzwierker" an der Héichschoulbildung, genee ewéi "Formatioun vun den Enseignanten", den "Apprentissage vun den EU-Initiativen" an d'"Jean Monnet-Netzwierker" an den anere Beräicher vun der Educatioun an der Formatioun. All dës Aktioune fërderen d'Verbreedung vum Wëssen iwwer d'Integratiounsfroe vun der Europäescher Unioun.

Erasmus+-Formatiounen - Aktivitéiten an de Beräicher Formatioun a Kooperatioun (TCA)

D'Aktivitéiten an de Beräicher Formatioun a Kooperatioun (TCA) vum Erasmus+-Programm sinn international Evenementer, déi vun den nationalen Agencen organiséiert ginn. Si erméiglechen et de Participanten, Partenariater mat europäeschen Acteuren ze schléissen an zum Erreeche vun den Ziler vun den Erasmus+-Programmer bäizedroen:

Kontakt

ANEFORE - Agence nationale pour le programme européen d’éducation et de formation tout au long de la vie

eduPôle Walferdange
Bâtiment 03 – étage 01
Route de Diekirch
L-7220 Walferdange

https://www.anefore.lu