Mam Dispositif vun der VAE ka jiddereen, onofhängeg vun Alter, Bildungsstand oder berufflecher Situatioun, seng berufflech a perséinlech Erfarung valoriséiere loossen, fir eng Qualifikatioun oder Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer eng Aktivitéit am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn.
Déi follgend Qualifikatioune si vun der VAE betraff:
D'VAE ass deemno en zousätzleche Wee, fir Zougang zu Diplomer ze kréien. Et handelt sech net einfach nëmmen ëm d'Ëmwandlung vun Erfarung an en Diplom, mee ëm e reegelrechte Parcours, bei deem eng perséinlech Aarbecht néideg ass. D'Demarchen an den zoustännegen Organismus variéieren an hänke vun der ugestriefter Qualifikatioun of.
Méi Informatiounen iwwer d'VAE
Erwuessener, déi sech op hirer Aarbechtsplaz oder am Kader vun ausserberufflechen Aktivitéiten eng zolidd Erfarung ugëeegent hunn, kënnen dës Erfarung mat enger Qualifikatioun valoriséieren an esou hir Kompetenzen unerkenne loossen.
Am Kader vun der Beruffsausbildung sinn de Certificat de capacité professionnelle (CCP), den Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) oder den Diplôme de technicien (DT) iwwer d'Demarche vun der VAE accessibel. Dat selwecht gëllt fir den Diplôme de fin d'études secondaires générales (DFESG) an d'Meeschterkaart am Handwierk.
Fir erauszefannen, wéi eng Qualifikatioun senger eegener Erfarung am beschten entsprécht, gëtt de Kandidat gebieden, d'Schoulprogrammer ze consultéieren a sech bei der Cellule VAE vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ze informéieren.
Méi Informatiounen iwwer d'VAE fir d'Beruffsausbildung, den Enseignement secondaire général an d'Meeschterkaart
Mat der VAE kann ee seng Erfarung unerkenne loossen, fir Zougang zu engem BTS-Studium (Brevet de technicien supérieur) oder eng partiell Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien.
Fir erauszefannen, wéi en Diplom senger Erfarung am beschten entsprécht, gëtt de Kandidat gebieden, sech d'Lëscht vun de BTSen, déi ugebuede ginn, unzekucken a sech beim betraffene Lycée iwwer d'Demarchen an d'Bedéngungen am Zesummenhang mat der VAE ze renseignéieren.
Méi Informatiounen iwwer d'VAE fir de BTS
D'VAE vun der Universitéit Lëtzebuerg erlaabt et, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, mam Zil:
D'Kandidate gi gebieden, sech bei der Universitéit Lëtzebuerg ze renseignéieren, fir sech iwwer d'Demarchen an d'Bedéngungen ze informéieren, déi mat dësem Dispositif verbonne sinn.
Méi Informatiounen iwwer d'VAE fir Universitéitsdiplomer