Vu jiddwerengem, deen d'Informatiounen, d'Dokumenter an d'Servicer, déi vun dësem Site ugebuede ginn, benotzt, gëtt ugeholl, datt en all d'Bestëmmungen an Angaben aus dëse Benotzungsbedéngunge gelies an acceptéiert huet.
Den INFPC, Gestionnaire vum Site lifelong-learning.lu, engagéiert sech, sech am Kader vu senge Méiglechkeeten dorëms ze beméien:
Den INFPC declinéiert all Responsabilitéit am Zesummenhang mat:
Dës Klauselen iwwer den Ausschloss vun der Responsabilitéit sinn net drop ausgeriicht, d'Bestëmmunge vun de gëltege Rechtsvirschrëften ze ëmgoen oder d'Responsabilitéit an deene Fäll auszeschléissen, wou si opgrond vun de genannte Rechtsvirschrëften net ausgeschloss ka ginn.
D'Presentatioun an d'Inhalter vun dësem Site (Texter, grafesch Elementer, Biller, Fotoen, Video- an Toundokumenter...) bilden zesummen e Wierk, dat duerch déi geltend Gesetzer iwwer d'Propriété intellectuelle geschützt ass.
D'Reproduktioun, d'Benotzung, d'Exploitatioun vun de Fotoen, Biller, Texter, Videoen, Extraiten aus der Base de données, Elementer vun der grafescher Konzeptioun an, am Allgemengen, all Publikatiounsbestanddeeler op dësem Site, sinn ouni d'Autorisatioun vum Auteur am Virfeld verbueden. De Verstouss géint dëst Verbuet gëllt als eng Contrefaçon, déi zivil- a strofrechtlech Konsequenze fir de Contrefacteur kréie kann.
Den INFPC, den nationalen Institut fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung, erhieft a benotzt Är perséinlech Donnéeën am Kader vu senge Missiounen.
D'Donnéeë ginn am Aklang mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun deenen Donnéeën (den "RGPD") a mam Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d'Organisatioun vun der Nationaler Dateschutzkommissioun an dem allgemenge Dateschutzsystem veraarbecht.
Méi iwwer d'Dateschutzpolitik vum INFPC
Den INFPC behält sech d'Recht vir:
D'Biller, déi op dësem Site benotzt ginn, sinn d'Proprietéit vum INFPC oder vun de respektiven Auteuren. Dës Biller kënnen net ouni Erlaabnes op engem aneren Internetsite oder Medium benotzt ginn.
Déi lizenzfräi Fotoen, déi op dësem Site benotzt ginn, stinn ënner der Unsplash-Lizenz. Unsplash gëtt eng onwidderrufflech, net exklusiv a weltwäit Droit d'auteur-Lizenz fir d'Fotoe vun Unsplash gratis erofzelueden, ze kopéieren, ze änneren, ze verdeelen, auszeféieren oder ze benotzen, och fir kommerziell Zwecker, dëst ouni Geneemegung oder Attributioun vum Fotograf oder vun Unsplash.
Déi follgend gebüreflichteg Fotoen sinn d'Proprietéit vun hire respektiven Auteuren, déi ënne genannt sinn. Dës Biller kënnen net ouni Erlaabnes op engem aneren Internetsite oder Medium benotzt ginn.