All Steierflichtegen, deen en Nettorevenu aus enger Beschäftegung als Salarié bezitt, kann d'Ausgabe fir seng berufflech Weiderentwécklung als Frais d’obtention am Kader vun de Revenuen aus enger Beschäftegung als Salarié steierlech ofsetzen.
D'Käschte fir d'berufflech Weiderentwécklung mussen:
D'Ausbildungskäschten (Ausbildungskosten), d.h. d'Ausgabe fir sech Kenntnisser unzëeegnen, déi an Zukunft fir d'Ausübe vun engem Beruff oder fir e Beruffswiessel néideg sinn, kënnen net ofgesat ginn.
Eligibel Käschten sinn:
D'Plaz, op där d'Formatioun stattfënnt, spillt keng Roll.
De Salarié muss d'Ausgabe fir seng berufflech Weiderentwécklung an der Steiererklärung vun deem Steierjoer ofsetzen, an deem d'Depensen entstane sinn.
Beispill: Wann eng Persoun am Oktober 2022 sämtlech Aschreiwungskäschte fir eng Formatioun, déi 2 Joer dauert, bezilt, ka si dës Depensen nëmmen an der Steiererklärung fir d'Steierjoer 2022 ofsetzen.
D'Ausgabe fir d'berufflech Weiderentwécklung falen an de Beräich vun de Frais d'obtention a kënnen an der entspriechender Rubrik vun der Steiererklärung deklaréiert ginn.
All Salarié huet d'office e Pauschbetrag vu 540€ pro Steierjoer zegutt, fir seng Frais d'obtention ofzedecken.
Wa bei enger bestueter Koppel, déi kollektiv besteiert gëtt, béid Conjointen en Akommes aus enger bezuelter Aarbecht hunn, dann huet jiddwereen de Pauschbetrag vu 540€ zegutt. Wann den Total vun den tatsächleche Frais d'obtention iwwer dee Pauschbetrag erausgeet, kann de Salarié se a senger Steiererklärung ofsetzen.
Dem Salarié gëtt geroden, dem Steierbüro kuerz ze erklären, firwat d'Weiderbildung hien a senger berufflecher Karriär weiderbrénge kann, an dem Steierbüro d'Beleeger fir d'Bezuele vun den Aschreiwungskäschten an d'Participatioun un der Weiderbildung virzeleeën.