Formatiounen, déi dorop ausgeriicht sinn, eng Autorisation d'établissement fir déi verschidde Beruffer am Commerce (am wäiteste Sënn) ze kréien
D'Grënnung vun engem Betrib zu Lëtzebuerg bitt reell berufflech Perspektiven, ënner der Viraussetzung, datt een d'Basistechnike vum Management, déi fir de Succès vun engem Projet d'entreprise onëmgänglech sinn, beherrscht.
D'Formatiounen, déi d'House of Training am Partenariat mat der Chambre de Commerce ubitt, fërderen den Esprit d'entreprise an erlaben et Kandidaten, déi sech selbstänneg maache wëllen, eng Autorisation d'établissement fir déi verschidde Beruffer am Commerce (am wäiteste Sënn) ze kréien.
D'Formatioune vum House of Training begleede Persoune mat engem Projet d'établissement, déi Zougang zu follgende Beruffer kréie wëllen:
Bei d'Formatioune fir d'Beruffer am Immobiliesecteur
Bei d'Formatioune fir d'Beruffer am HORECA-Secteur
Bei d'Formatioune fir d'Beruffer am Transportsecteur