Salariéen, Independanten a Fräiberuffler kënnen en individuelle Formatiounscongé ufroen, d.h. e bezuelte Spezialcongé oder Congé-Formation vu bis zu 80 Deeg am Laf vun engem Beruffsliewen.
Den individuelle Formatiounscongé erméiglecht et:
Fir den individuelle Formatiounscongé kënnen an Usproch ze huelen, mussen d'Salariéen aus dem Privatsecteur:
Independanten a Fräiberuffler mussen:
Och Persounen, déi sech op e Championnat oder en nationalen oder internationale Concours am Zesummenhang mat der Promotioun vun der Beruffsausbildung virbereeden oder dorun deelhuelen, esouwéi eng Begleedpersoun pro Kandidat hunn Urecht op dëse Congé. Als Begleedpersoun gëllt eng Persoun, déi am beruffleche Beräich vum Kandidat, deen um Championnat oder um Concours (z.B. Luxskills, Euroskills a Worldskills) deelhëlt, spezialiséiert ass. D'Begleedpersoun muss de Kandidat, dee se ënnerstëtzt, kënne beroden an iwwerwaachen.
D'Kandidate musse keng Bedéngungen am Zesummenhang mat Alter oder Wunnsëtz erfëllen.
Déi eligibel Formatioune kënnen zu Lëtzebuerg oder am Ausland ugebuede gi vun:
D'Formatioune kënnen an direkter Verbindung mat der ausgeüübter Aarbecht stoen oder net. Si kënne wärend der Aarbechtszäit, an Owescoursen oder de Weekend stattfannen. Formatiounen am E-Learning sinn och eligibel.
Déi am Kader vun aneren gesetzleche Betëmmungen virgesinn Formatiounen, déi kofinanzéiert ginn, sinn net eligibel.
D'Demande fir individuelle Formatiounscongé muss 2 Méint virum Ufank vum ugefrote Congé agereecht ginn. Den Employeur muss bei der Demande vum Salarié säin Avis ofginn.
Fir seng Demande anzereechen, muss de Salarié:
De Salarié gëtt per Post informéiert, wéi vill Congésdeeg hien accordéiert krut.
No der Formatioun muss hie sech vum Formatiounsinstitut eng Attestatioun an dräi Exemplairen ausstelle loossen, aus där ervirgeet, datt hien de Congé fir deen ugekënnegten Zweck benotzt huet, a sengem Employeur direkt 2 Exemplairë ginn.
Den Employeur muss:
Den Employeur kann d'Demande, fir Formatiounscongé ze kréien, net refuséieren. Hie kann en negativen Avis ofginn.
Am Fall vun engem negativen Avis vum Employeur:
Independanten a Fräiberuffler kënnen hir Demande online iwwer MyGuichet.lu areechen.
D'Demarche ass déi selwecht, wéi uewe beschriwwen, mee et gëllen en anere Formulaire an aner Beleeger. No der Formatioun fëllt den Independant/Fräiberuffler eng Déclaration de remboursement aus a leet eng Attestation de participation an e Certificat de revenu derbäi.
D'Gesamtzuel vu Congésdeeg fir d'Formatioun hänkt vun der Stonnenzuel vun der Formatioun, déi d'Formatiounsinstitut festgeluecht huet, of. Si entsprécht 1/3 vun der Formatiounszäit.
D'Zuel vun de Formatiounsstonne gëtt an d'Zuel vun Aarbechtsdeeg ëmgewandelt: 8 Stonne Formatioun = 1 Schaffdag.De Quotient, deen esou ermëttelt gëtt, gëtt duerch 3 gedeelt an ergëtt d'Zuel vu Congésdeeg fir d'Formatioun.D'Resultat kann ënner Ëmstänn op déi méi niddreg Unitéit ofgerënnt ginn.
Rechebeispill fir eng Formatioun vun 30 Stonnen 30 : 8 = 1,25 Schaffdeeg 3,75 : 3 = 1,25 Dag Formatiounscongé (muss no ënnen ofgerënnt ginn) Eng Formatioun vun 30 Stonne gëtt Usproch op 1 Dag Formatiounscongé
Rechebeispill fir eng Formatioun vun 30 Stonnen
30 : 8 = 1,25 Schaffdeeg 3,75 : 3 = 1,25 Dag Formatiounscongé (muss no ënnen ofgerënnt ginn) Eng Formatioun vun 30 Stonne gëtt Usproch op 1 Dag Formatiounscongé
All Beneficiaire huet Usproch op 80 Deeg Formatiounscongé, déi en am Laf vu sengem Beruffsliewen huele kann. Iwwer eng Period vun 2 Joer kënnen héchstens 20 Deeg Formatiounscongé accordéiert ginn. All Period vun 2 Joer fänkt mam Joer vum éischten individuelle Formatiounscongé un.
D'Mindestdauer vum Formatiounscongé läit bei 1 Dag. De Kandidat muss sech deemno an eng Formatioun vu mindestens 24 Stonnen aschreiwen, fir Usproch op Formatiounscongé ze hunn (24 Stonnen / 8 = 3 Aarbechtsdeeg / 3 = 1 Dag Formatiounscongé).
Fir Salariéen, déi Deelzäit schaffen, ginn d'Congésdeeg fir d'Formatioun proportionell zu hirer Aarbechtszäit berechent.
Während der Dauer vum Formatiounscongé bleiwen d'gesetzlech Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung an dem Aarbechtsschutz bestoen.
D'Dauer vum Formatiounscongé:
Fir de Salarié gëtt all Dag Congé, deen accordéiert gëtt, Usproch op eng Ausgläichsindemnitéit, déi dem duerchschnëttlechen Dagesverdéngscht entsprécht, deen den Employeur bezilt. Den Employeur streckt d'Indemnitéit vir a gëtt vum Staat an Héicht vun der Indemnitéit an der Part patronale vun de Sozialversécherungsbeiträg rembourséiert.
Fir den Independant an de Fräiberuffler gëtt d'Indemnitéit, déi vum Staat bezuelt gëtt, op der Basis vum Revenu festgeluecht, deen am leschte Geschäftsjoer als Bemiessungsgrondlag fir d'Renteversécherung gegollt huet.
D'Ausgläichsindemnitéit kann net méi héich si wéi de véierfache Mindestloun fir onqualifizéiert Salariéen (10.283,72€ / Index 944,43 den 1. Januar 2024).
Bei all Déclaration de remboursement muss e Certificat bäigeluecht ginn, aus deem de Cotisatiounstaux bei der Onfallversécherung fir dat Joer ervirgeet, an deem de Formatiounscongé geholl gouf.