Kulturschafend, administrativ Kaderen vun de Federatiounen, nationale Reseauen an Associatiounen oder Persounen, déi vun de Federatiounen, nationale Reseauen oder Associatiounen ernannt ginn kënnen de Kulturcongé ufroen, e bezuelte zousätzleche Congé fir hir Aktivitéiten am Kulturberäich virun ze féieren.
De Kulturcongé riicht sech u Salariéen, Selbstänneger, Fräiberuffler an u Staats- a Gemengebeamten.
E kann ugefrot gi vun de Kulturschafenden (Kënschtler oder all aner Persoun, déi un engem Projet oder enger Produktioun an de Beräicher Film, audiovisuell Produktiounen, Musek asw. bedeelegt ass), déi deelhuele wëllen un:
De Kulturcongé kann ugefrot gi vun den administrative Kadere vun de Federatiounen, nationale Reseauen oder Associatiounen (Persounen, déi fir d'Gestioun oder d'Direktioun verantwortlech sinn oder déi op administrativem Plang dozou bäidroen) fir:
De Kulturcongé kann ugefrot gi vun de Persounen, déi vun de Federatiounen, nationale Reseauen oder Associatiounen ernannt ginn, fir un den héichrangege kulturelle Veranstaltungen zu Lëtzebuerg deelzehuelen.
Déi kulturell Aktivitéit oder déi kulturell Veranstaltung, fir déi de Congé ugefrot gëtt, däerf net zur haaptberufflecher Tätegkeet vun der Persoun gehéieren, déi de Congé ufreet.
Fir de Kulturcongé an Usproch huelen ze kënnen, mussen déi Kulturschafend:
Déi administrativ Kadere mussen:
D'Persounen, déi vun de Federatiounen, nationale Reseauen oder Associatiounen ernannt ginn, fir un héichrangege kulturelle Veranstaltungen zu Lëtzebuerg deelzehuelen, mussen zum Zäitpunkt vun der Congésdemande eng Anciennetéit vu mindestens 6 Méint bei hirem Employeur hunn.
Ausbildungsstagen, privat Fuerschungsprojeten a Promotiounsvirstellunge sinn net eligibel, fir e Kulturcongé accordéiert ze kréien.
D'Demande, fir Kulturcongé ze kréien, muss 2 Méint virum Datum vun der Veranstaltung, fir déi de Congé ugefrot gëtt, agereecht ginn. De Kulturcongé genee wéi d'Indemnitéite ginn op Avis vun enger Commission consultative vum Minister, dee fir d'Kultur zoustänneg ass, bewëllegt. D'Commission consultative trëtt am Prinzip eemol de Mount zesummen. De kompletten Dossier muss op d'mannst 5 Schaffdeeg virum Datum vun der Reunioun vun der Kommissioun agereecht ginn, fir datt d'Demande op de jeeweilegen Ordre du jour ka gesat ginn. D'Datumer vun de Reunioune fënnt een op www.guichet.lu.
Den Employeur oder de Chef vun der Administratioun muss bannent engem Delai vun 8 Schaffdeeg säin Avis iwwer d'Congésdemande ofginn. Hie ka säin Accord refuséieren, wann d'Feele vum Mataarbechter riskéiert, gréisser nodeeleg Auswierkungen op de Betrib vun der Entreprise, op de Fonctionnement vun der Administratioun oder vum ëffentleche Service oder op den harmoneschen Oflaf vum bezuelte Congé vun deenen anere Mataarbechter ze hunn.
De Kulturcongé gëllt als effektiv Schaffzäit. Wärend der Dauer vum Kulturcongé bleiwen d'gesetzlech Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung an dem Aarbechtsschutz fir d'Beneficiairë bestoen.
De Kulturcongé ass begrenzt:
De Federatiounen an nationale Reseauen aus dem Kultursecteur sti pro Joer 50 Deeg Kulturcongé zur Verfügung, fir déi vun hinnen ernannte Persounen un héichrangege kulturelle Veranstaltungen zu Lëtzebuerg deelhuelen ze loossen.
Den Associatiounen aus dem Kultursecteur stinn 10 Deeg Kulturcongé pro Joer zur Verfügung, fir déi vun hinnen ernannte Persounen un héichrangege kulturelle Veranstaltungen zu Lëtzebuerg deelhuelen ze loossen.
De Kulturcongé kann opgedeelt ginn, woubäi all Deel op d'mannst 4 Stonnen ëmfaasse muss.
Wärend dem Kulturcongé gëtt de Beneficiaire follgendermoosse remuneréiert:
D’Indemnitéit gëtt dem Employeur oder Selbstännege op der Basis vun enger Deklaratioun rembourséiert, déi nom Enn vum Kulturcongé a spéitstens den 1. Mäerz vum Joer direkt no deem Joer, an deem de Congé geholl gouf, un de Minister ze schécken ass, dee fir d'Kultur zoustänneg ass.