Konditioune fir d'Ausübe vun enger Formatiounsaktivitéit, gëlteg fir privat Formatiounsinstituter, Asblen, Fondatiounen oder auslännesch Formatiounsinstituter
Et gi verschidden Typpe vu Formatiounsinstituter, déi berechtegt sinn, zu Lëtzebuerg Formatiounen unzebidden. A Funktioun vun hirem Statut schreift d'Gesetz hinne speziell Konditioune fir d'Ausübe vun enger Formatiounsaktivitéit vir.
Privat Formatiounsinstituter ënnerleien de Reegele vum Droit d'établissement a mussen eng ministeriell Autorisatioun hunn, fir Weiderbildungsaktivitéiten ausüben ze kënnen.
D'Autorisatioun, fir "d'Aktivitéit vum Gestionnaire vun engem Weiderbildungsinstitut" ausüben ze kënnen, ass strikt perséinlech. Si gëtt vum Wirtschaftsministère op Avis vum MENJE nominativ ausgestallt, an dat esouwuel fir Kapitalgesellschaften wéi och fir Persounegesellschaften.
All Institut muss d'Bedéngungen am Zesummenhang mat der Honorabilitéit an de beruffleche Qualifikatiounen erfëllen, déi fir d'Ausübe vun dëser Aktivitéit erfuerdert sinn.
Fir eng Autorisation d'établissement als Gestionnaire vun engem Weiderbildungsinstitut unzefroen, mussen d'Formulairë vun der Demande ausgefëllt an u follgend Adress geschéckt ginn:
Ministère de l’Économie - Direction générale PME et Entrepreneuriat
Formulaire de demande d'autorisation d'établissement
Formulaire de déclaration sur l'honneur
Bei d'Demande fir d'Autorisation d'établissement si follgend Dokumenter derbäizeleeën:
House of Entrepreneurship - One-Stop Shop
Kapitalgesellschaften (juristesch Persounen) - Modell
Persounegesellschaft (physesch Persounen) - Modell
Privat Associatiounen (asbl), Fondatiounen a Privatpersoune ginn, op Demande, individuell vum Minister, dee fir d'Beruffsausbildung zoustänneg ass, agreéiert.
Wann d'Demande ugeholl gëtt, gëtt dësen Typ vun Instituter an engem Arrêté ministériel als agreéierten Organisateur vu Weiderbildungscoursen deklaréiert.
Dës Formatiounsinstituter mussen:
Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Asbl - arrêté ministériel type
Auslännesch Formatiounsinstituter mussen iwwer eng Autorisatioun verfügen, datt si am Land, aus deem si stamen, eng Formatiounsaktivitéit ausüben dierfen.
Si sinn deemno net verflicht, en Agrement no der lëtzebuergescher Prozedur, mee no därjéineger vun hirem jeeweilege Land unzefroen.
Dës Prozedur gëtt awer obligatoresch, wa si decidéieren, sech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen.