Lescht Aktualiséierung : 31.07.2024

D'Donnéeë ginn am Aklang mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun deenen Donnéeën (den "RGPD") a mam Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d'Organisatioun vun der Nationaler Dateschutzkommissioun an dem allgemengen Dateschutzsystem (déi am Follgenden zesummen "Dateschutzgesetzer" genannt ginn) veraarbecht.

Wien ass fir den Traitement verantwortlech? 

Den INFPC, den nationalen Institut fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung, ass en ëffentlechen Etablissement a verantwortlech fir den Traitement vun de perséinlechen Donnéeën, déi am Kader vun den Ziler an Aktivitéiten, déi an dëser Politik beschriwwe ginn, traitéiert ginn.

Wien ass den Dateschutzbeoptraagten ?

Den INFPC huet en Dateschutzbeoptraagten ernannt an der Gesellschaft MGSI S.à r.l. dës Missioun uvertraut. De Sëtz vun dëser Gesellschaft ass zu Lëtzebuerg, L-5495 Wintrange, 52a route du vin.

Wéi eng Kategorië vu perséinlechen Donnéeë ginn traitéiert? 

Jee nom Zweck vum Traitement kann den INFPC verschidde Kategorië vu perséinlechen Donnéeën (d'"perséinech Donnéen") erhiewen, späicheren a benotzen. Dës Donnéeë bezéie sech op:

  • d'Benotzer vun eisem Internetsite;
  • d'Persounen oder Entitéiten, déi d'Déngschter vum INFPC an Usproch huelen (wann et sech ëm juristesch Persounen handelt, bezéie sech d'Donnéeën op hir Dirigeanten, Personalcheffen, Responsabel vun der Formatioun a Vertrieder);
  • d'Zilgruppen, déi vun dësen Déngschter betraff sinn.
Am Follgende gi si kollektiv als „betraffe Persoune” bezeechent.

Déi erhuewe perséinlech Donnéeën ëmfaassen ënner anerem:

  • d'Donnéeë fir d'perséinlech Identifikatioun: Virnumm, Numm, Uried, Foto;
  • d'Coordonnéeën: Telefonsnummer, Adress;
  • d'berufflech Donnéeën: berufflech Adress, Funktioun;
  • d'Donnéeë fir d'elektronesch Identifikatioun: E-Mail-Adress, Benotzernumm a Passwuert;
  • d'Donnéeën am Zesummenhang mat der Qualifikatioun: Formateurs-CV;
  • d'Donnéeën, déi mam Benotze vum Internetsite lifelonglearning.lu zesummenhänken (Zäitpunkt vun der Connexioun, Quell/Referenz, IP-Adress, Cookien) an d'Donnéeën, déi mat der Newsletter Formanews zesummenhänken (Domainer, déi de Benotzer am meeschten interesséieren);
  • All aner perséinlech Informatioun, déi Dir matdeelt, wann Dir Iech an Informatiounsveranstaltungen aschreift oder déi an Ären Informatiounsufroen enthale sinn.

Fir wéi eng Zwecker ginn d'perséinlech Donnéeë benotzt? 

Den INFPC erhieft iwwer säi Site lifelong-learning.lu d'perséinlech Donnéeë fir follgend Zwecker:

  • d'Beäntwere vun Informatiounsdemandë vun de Benotzer vun der Plattform a vum Service Infoligne, der Telefonslinn, déi den INFPC fir Froen iwwert d'liewenslaangt Léieren ageriicht huet;
  • d'Gestioun vun den Umeldungen an den Informatiounsdemanden am Zesummenhang mat Formatiounen, déi um Site lifelong-learning vun de Formatiounsinstituter, déi Member vun der Plattform sinn, presentéiert ginn;
  • d'Verschécke vun der Newsletter Formanews an d'Gestioun vun de Preferenze vun den Abonenten;
  • d'Verschécke vun Dokumenter an Informatiounen un d'Formatiounsinstituter an un d'Entitéiten, déi Säll verlounen a Member vun der Plattform lifelong-learning.lu sinn, am Kader vun hirer vertraglecher Relatioun mam INFPC;
  • d'Verëffentleche vum CV vu Formateuren, déi d'Allgemeng Notzungsbedéngunge vum Service "Formateurs-CV", deen den INFPC ubitt an deen iwwer d'Plattform lifelong-learning.lu accessibel ass, akzeptéiert hunn;
  • d'Gestioun vun de Benotzerkonte vun der Plattform;
  • d'Verschécke vun de Publikatioune vum INFPC: Informatiounen iwwer d'liewenslaangt Léieren a Statistiken, déi de Formatiouns-Observatoire erausgëtt. D'Zil vun dëse Publikatiounen ass et, déi betraffen Zilgruppen ze informéieren an d'liewenslaangt Léieren ze fërderen;
  • d'Verschécke vun Invitatioune fir Evenementer, déi vum INFPC oder sengen institutionelle Partner organiséiert ginn;
  • d'Verbesserung vun der User Experience an d'Erstelle vu Statistiken iwwer d'Visitten um Site (Cookien).

Den Traitement vun den Donnéeë baséiert um Artikel 6 vum RGPD. Dësen Artikel erkläert all Traitement fir legitim, deen:

  • néideg ass fir eng vertraglech Relatioun mat de Benotzer opzebauen an de genannte Vertrag ze erfëllen (Artikel 6.1.b vum RGPD);
  • fir déi vum INFPC verfollegt berechtegt Interêten néideg ass, besonnesch a Bezuch op d'Erstellung vu Statistiken an op d'Gestioun vun der Plattform lifelong-learning.lu (Artikel 6.1.f vum RGPD)
  • am Kader vun der Exekutioun vun enger Missioun am ëffentlechen Interêt (Artikel 6.1.e vum RGPD) virgeholl gëtt.

Besonnesch Traitementer am Kader vum Erfaasse vun der Frequentatioun an der Verbesserung vun der User Experience

Fir Är User Experience ze optiméieren, d'Frequentatioun ze suivéieren a säin Internetsite ze verbesseren, benotzt den INFPC follgend Instrumenter: Google Analytics, YouTube a Google Maps. Consultéiert wgl. d'Dateschutzbestëmmunge vu Google a YouTube, wann Dir méi doriwwer wëllt gewuer ginn.

Wann Dir den Internetsite lifelong-learning.lu consultéiert, gitt Dir iwwer den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Frequentatiounsstatistiken néideg sinn, informéiert. Dës Cookië sinn un Är Awëllegung gebonnen an Dir kënnt d'Cookie-Astellungen zu all Moment an Ärem Browser oder op eisem Internetsite iwwer de Cookie-Banner änneren. Méi Informatioune fannt Dir an eise Richtlinne fir d'Gestioun vun de Cookien..

Präsenz an de sozialen Netzwierker

Den INFPC ass a verschiddene sozialen Netzwierker present: Facebook, X (ex-Twitter), LinkedIn an Instagram.

Fir Iech iwwer d'Politik am Zesummenhang mat der Benotzung a mam Traitement vu perséinlechen Donnéeë vun dëse Plattformen ze informéieren, consultéiert wannechgelift déi follgend Säiten: Facebook, X (ex-Twitter), LinkedIn, Instagram.

Besonnesch Traitementer am Zesummenhang mat den Umeldunge fir Formatiounen, déi op lifelong-learning.lu ugebuede ginn

Ufroe fir Informatiounen ze kréien an d'Umeldunge fir d'Formatiounen, déi vu Member-Formatiounsinstituter ugebuede ginn, ginn un dat jeeweilegt Formatiounsinstitut weidergeleet. D'Institut engagéiert sech, d'Donnéeën, déi iwwermëttelt goufen, am Aklang mat den Dateschutzgesetzer ze traitéieren.

Ginn d'perséinlech Donnéeën un Drëttpersoune weidergeleet?

Fir d'Servicer ze erbréngen, déi vun de betraffene Persoune gefuerdert ginn, a fir d'Missiounen ze erfëllen, mat deenen den INFPC beoptraagt ass, kann den INFPC ënner Ëmstänn perséinlech Donnéeën un Drëttpersounen iwwerdroen am Kader vun:

  • der Sous-Traitance fir d'Verschécke vu Publikatiounen oder Invitatioune fir d'Evenementer vum INFPC oder sengen institutionelle Partner;
  • enger Ufro no Informatiounen oder enger Umeldung fir eng Formatioun, déi op lifelong-learning verëffentlecht ass. D'Donnéeë ginn un dat betraffent Formatiounsinstitut iwwerdroen, fir datt dëst op d'Ufro äntweren oder d'Aschreiwung confirméiere kann;
  • der technescher Sous-Traitance, z. B. am Fall vu Prestatairen am Beräich vun der Informatik (Fournisseure fir den Hosting vun Internetsitten ...).

Am Sënn vun den Dateschutzgesetzer sinn dës Organismen Destinatairë vu perséinlechen Donnéeën (d'"Destinatairen"). Et ka virkommen, datt dës Destinatairen den Traitement vun de genannte perséinlechen Donnéeën ënnert hirer eegener Verantwortung un hir Mataarbechter oder un hir eegen Déngschtleeschter ofginn, déi hirersäits dës Donnéeën nëmme mam Zil traitéieren, den Destinatairë bei der Erbréngung vun Déngschtleeschtunge fir den INFPC ze hëllefen an/oder den Destinatairë beim Erfëlle vun hire gesetzleche Verflichtungen ze hëllefen.

Wou befanne sech d'Destinatairen, un déi d'perséinlech Donnéeë weidergeleet ginn? 

D'Destinatairë kënne sech am Europäesche Wirtschaftsraum (EWR) oder ausserhalb vum EWR befannen. Wa perséinlech Donnéeën un Destinatairen iwwermëttelt ginn, déi sech an engem Drëttland vum EWR befannen, dat keen adequate Sécherheetsniveau fir d'perséinlech Donnéeë bitt, da ginn d'Donnéeën op der Grondlag vun adequate Moossnamen, déi an de Dateschutzgesetzer virgesi sinn, iwwermëttelt.

Wouhier stamen d'perséinlech Donnéeën, déi traitéiert ginn? 

D'perséinlech Donnéeën, déi traitéiert ginn, ginn direkt bei de Benotzer erhuewen, wann dës Informatiounen ufroen, sech fir eng Formatioun oder en Evenement umellen, oder am Kader vun enger vertraglecher Relatioun. Si stamen och vu Persounen, déi opgrond vun hirem Statut (Dirigeant, DRH, Responsabel fir d'Formatioun…) Entreprisen oder Gesellschafte vertrieden.

Wéi laang ginn d'perséinlech Donnéeë versuergt? 

D'perséinlech Donnéeë ginn esou laang versuergt, wéi et fir d'Erreeche vum Zweck, fir dee se traitéiert ginn, néideg ass.

D'Donnéeën am Zesummenhang mat Aschreiwunge fir d'Formatioune ginn un déi betraffen Instituter weidergeleet an hinnen an hirem perséinleche Beräich op der Plattform lifelong-learning.lu zur Verfügung gestallt, fir datt si se traitéiere kënnen.

Wéi eng Rechter hutt Dir, wéi kënnt Dir se ausüben a wou sollt Dir Är Ufroen, fir Informatiounen ze kréien, hischécken? 

Laut den Dateschutzgesetzer hutt Dir als betraffe Persoun d'Recht:

  • Informatiounen iwwer den Traitement vun Ären Donnéeën ze kréien;
  • op Är perséinlech Donnéeën zouzegräifen;
  • d'Verbesserung oder d'Ännerung vun Äre perséinlechen Donnéeën unzefroen, wa se falsch oder net vollstänneg sinn;
  • d'Läschen ze fuerderen ("Recht op Vergiessen"): ze erreechen, datt Är perséinlech Donnéeë geläscht ginn;
  • eng Reklamatioun bei der Nationaler Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données - CNPD) op follgender Adress anzereechen: 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, oder, wann Dir an engem anere Memberstaat vun der Europäescher Unioun wunnt, bei der Kontrollstell, déi lokal zoustänneg ass.

A verschiddene Fäll an am Kader vun deenen an den Dateschutzgesetzer festgeluechte Bedéngungen hutt Dir och déi follgend Rechter:

  • d'Läsche vun Äre perséinlechen Donnéeën unzefroen;
  • d'Aschränkung vum Traitement vun Ären Donnéeën unzefroen: ze erreechen, datt Är perséinlech Donnéeë mat Aschränkungen traitéiert ginn;
  • d'Iwwerdrobarkeet vun Äre perséinlechen Donnéeën ze fuerderen;
  • Iech dem Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze opposéieren.

Fir Är Rechter auszeüben, kënnt Dir eng E-Mail oder e Bréif u follgend Adress schécken:

  • dpo@infpc.lu
  • INFPC
    Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue
    À l’attention du Délégué à la protection des données (DPO)
    Immeuble CUBUS C2
    2, rue Peternelchen
    L-2370 Howald

Aktualiséierung vun dësen Informatiounen

D'Informatiounen iwwer den Traitement vun de perséinlechen Donnéeë ginn esou oft wéi néideg en fonction vun den Traitementer, déi duerchgefouert ginn, an ëmmer am Aklang mat der gëlteger Legislatioun aktualiséiert.

Kontakt

INFPC
Institut national pour le développement
de la formation professionnelle continue

Immeuble Cubus C2
2, rue Peternelchen
L-2370 Howald