Persounen, déi fir Jugendaktivitéite verantwortlech sinn, erméiglechen, un Aktivitéiten am Educatiouns- a Formatiounsberäich deelzehuelen
Fir Jugendaktivitéite verantwortlech Persoune kënnen, egal ob si Salarié, selbststänneg oder Fräiberuffler sinn, Jugendcongé ufroen. Dat ass e bezuelte Spezialcongé vu bis zu 60 Deeg am Laf vun engem Beruffsliewen.
De Jugendcongé erméiglecht Persounen, déi fir Jugendaktivitéite verantwortlech sinn, u Stagen, Studiendeeg oder -wochen a Vakanzecampen oder -kolonien deelzehuelen.
Dës Aktivitéite kënnen zu Lëtzebuerg oder am Ausland stattfannen.
Fir de Jugendcongé kënnen an Usproch ze huelen, mussen d'Salariéen aus dem Privat- oder ëffentleche Secteur:
Independanten a Fräiberuffler mussen zanter mindestens 2 Joer bei der Lëtzebuerger Sozialversécherung affiliéiert a berufflech zu Lëtzebuerg niddergelooss sinn.
souwäit si sech u Jugendlecher adresséieren an organiséiert gi vun:
D'Demande fir Jugendcongé muss 3 Woche virum Ufank vun der Aktivitéit beim Service national de la Jeunesse agoen.
De Salarié muss dofir:
De Salarié an den Employeur gi per Post iwwer d'Zuel vun de Congésdeeg, déi accordéiert ginn, informéiert. No der Formatioun/Aktivitéit muss de Salarié de Participatiounscertificat resp. d'Participatiounscertificate bei sengem Employeur ofginn.
Den Employeur muss:
Fir Independanten a Fräiberuffler gëllt déi selwecht Demarche. De Paiziedel muss ersat ginn duerch e Certificat de revenus fir dat lescht Geschäftsjoer (vum 01.01. bis den 31.12.), dee si beim Centre Commun de la Sécurité Sociale ufroe kënnen.
De Congé ka reportéiert ginn, wann dat congésbedéngt Feele riskéiert, gréisser negativ Auswierkungen op de Betrib oder op d'harmonesch Organisatioun vum bezuelte Jorescongé vum Personal ze hunn.
Brochdeeler vu berücksichtegten Deeg ginn op déi nächst ganz Zuel opgerënnt.
* Breveten, déi als equivalent zum Brevet d’(aide)-animateur gëllen
Spezifesch Formatiounen: Animateur Sport a Fräizäit Trainer mat enger spezifescher Formatioun fir Jugendtraining Aide socio-familiale (Modüll Kanner a Famill) Berufflech Ausbildung am Educatiounsberäich: Educateur/-trice gradué(e), Educateur/-trice diplômé(e) Schoulmeeschter/Léierin, Professer Pädagog Agent socio-pédagogique DAP Éducation Am Ausland unerkannt Breveten: Bafa (F) Juleika (D)
Fir Salariéen, déi Deelzäit schaffen, ginn d'Deeg vum Jugendcongé proportionell zu hirer Aarbechtszäit berechent.
De Jugendcongé kann net un de gesetzleche Jorescongé oder un eng Absence wéinst Krankheet drugehaange ginn, wann doduerch eng onënnerbrachen Absence vu méi ewéi 3 Wochen entsteet.
Während der Dauer vum Jugendcongé bleiwen d'gesetzlech Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung an dem Aarbechtsschutz bestoen.
Fir de Salarié gëtt all Dag Congé, deen accordéiert gëtt, Usproch op eng Ausgläichsindemnitéit, déi dem duerchschnëttlechen Dagesverdéngscht entsprécht, deen den Employeur bezilt. Den Employeur streckt d'Indemnitéit vir a gëtt vum Staat an Héicht vun der Indemnitéit an der Part patronale vun de Sozialversécherungsbeiträg rembourséiert.
Fir den Independant an de Fräiberuffler gëtt d'Indemnitéit, déi vum Staat bezuelt gëtt, op der Basis vum Revenu festgeluecht, deen am leschte Geschäftsjoer als Bemiessungsgrondlag fir d'Renteversécherung gegollt huet.
D'Ausgläichsindemnitéit kann net méi héich si wéi de véierfache Mindestloun fir onqualifizéiert Salariéen (10.283,72€ / Index 944,43 den 1. Januar 2024).