All Persoun, déi an engem Héichschoulstudiegang ageschriwwen ass, kann eng finanziell Bäihëllef fir Héichschoulstudien ufroen, wa si bestëmmte Konditiounen erfëllt.
Fir eng Bäihëllef fir Héichschoulstudie kënnen unzefroen, musse follgend Bedéngungen erfëllt sinn:
Si mussen eng vun de follgende Bedéngungen erfëllen:
Och eligibel si Studenten, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, vun deene keen Elterendeel zu Lëtzebuerg schafft oder geschafft huet, mee déi e Papp oder eng Mamm hunn, deem säi bzw. där hiren neie Conjoint oder neien offizielle Partner d'Bedéngungen aus dem viregten Abschnitt erfëllt.
Dës finanziell Bäihëllef ass kumulabel mat den AFR-Bourssen (Aides à la formation-recherche), mat deenen Doktoranden a Post-Doktoranden ënnerstëtzt ginn (www.fnr.lu), mat Erasmus+, engem Programm, deen d'international Mobilitéit vun de Studenten ënnerstëtzt, oder mat Bourssen, déi opgrond vum Student senge Meritten accordéiert ginn.
D'Bäihëllef ass awer net kumuléierbar mat equivalente finanzielle Bäihëllefen, déi am Wunnsëtzland vum Student ausbezuelt ginn, oder mat anere finanzielle Virdeeler opgrond vum Studentestatut. Fir Studenten, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, handelt et sech bei der Hëllef ëm eng Ersatzbäihëllef. Éier si hir Demande areechen, mussen dës Studenten all déi néideg Demarchen an hirem Wunnsëtzland ënnerholl hunn, fir eng finanziell Bäihëllef fir hir Studien ze kréien. Ouni offiziell Äntwert, ob positiv oder negativ, vun den zoustännegen Autoritéiten aus dem Wunnsëtzland vum Demandeur, kann d'Bäihëllef net accordéiert ginn.
Bei d'Coordonnéeë vun den zoustännegen Autoritéite an den Nopeschlänner
D'finanziell Bäihëllef pro Semester setzt sech follgendermoossen zesummen:
Rechent de Montant vun der finanzieller Bäihëllef mat dësem Simulator aus.
Akommes aus engem Studentenjob mat maximal 10 Stonnen Aarbecht/Woch a Studentenjobs wärend der Schoulvakanz gi fir d'Berechnung vun der Sozialbourse net berücksichtegt.
All anert Akommes, dat dem Student wärend dem lafende Studiejoer zur Verfügung steet, gëtt bei d'gesamt Joresakommes vum Stot gerechent a kann en Afloss op de Betrag vun der Sozialbourse hunn.
E Student, deem säin eegent Gesamtjoresakommes iwwer dem soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter läit, kann nëmmen eng finanziell Bäihëllef a Form vun engem Prêt kréien.
E Student, deem säi Gesamtjoresakommes 3,5 Mol méi héich ass wéi de soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter, ass vun all finanziell Bäihëllef ausgeschloss.
De Remboursement vum Prêt muss 2 Joer nom Enn oder Ofbroch vum Studium ufänken. D'Maximaldauer vum Remboursement läit bei 10 Joer.
D'Aschreiwungskäschte gi bei der Berechnung vun der finanzieller Bäihëllef mat bis zu 3.800 € pro Studiejoer berücksichtegt. Si ginn ëmmer zu 50 % bei d'Bourse an zu 50 % bei de Prêt derbäigerechent.
Beispill: Bei 800 € Aschreiwungskäschte ginn 800 € bei d'finanzielle Bäihëllef derbäigerechent, dovu 400 € bei d'Bourse a 400 € bei de Prêt.
Rechent de geneeë Montant vun den Aschreiwungskäschte, déi rembourséiert ginn, mat dësem Simulator aus.
Fir all Semester muss eng Demande agereecht ginn:
Demanden, déi nom Delai agereecht ginn, gi wéinst ze spéidem Depôt refuséiert.
D'Demande muss integral online iwwer MyGuichet (mat oder ouni LuxTrust-Produit) gemaach ginn. D'Hëllef fir d'Demarche op mengstudien.lu kann Iech orientéieren. Jee no Situatioun vum Demandeur musse follgend Beleeger (all oder en Deel) ugehaange ginn:
Méi Informatiounen iwwer d'finanziell Bäihëllef fannt Dir och an den FAQ op www.mengstudien.lu.