Verschidde Beruffer am Gesondheetsberäich, déi sougenannt reglementéiert Gesondheetsberuffer, erfuerderen eng Autorisatioun, éier se zu Lëtzebuerg ausgeüübt däerfe ginn
Fir verschidde Beruffer am Gesondheetsberäich, déi sougenannt reglementéiert Gesondheetsberuffer, zu Lëtzebuerg ausüben ze kënnen, brauch een eng Autorisatioun, déi vum Gesondheetsministère ausgestallt gëtt.
Fir dës Autorisatioun ze kréien, muss de Kandidat verschidde Konditiounen am Zesummenhang mam Beruff, mä och mat senger physescher a psychescher Gesondheet erfëllen, déi fir d'Ausübe vum Beruff onëmgänglech sinn.
Déi reglementéiert Gesondheetsberuffer ginn am Artikel 1 vum geännerte Gesetz vum 26. Mäerz 1992 iwwer den Exercice an d'Opwäertung vu verschiddene Gesondheetsberuffer opgezielt.
Den Artikel 16 vum geännerte Gesetz vum 26. Mäerz 1992 iwwer den Exercice an d'Opwäertung vu verschiddene Gesondheetsberuffer gesäit e.a. Follgendes vir: "mat enger Prisonsgsstrof vun 8 Deeg bis 3 Méint an enger Geldstrof vun 251 bis 5.000 Euro oder enger vun dëse béide Strofe gëtt belaangt: a) eng Persoun, déi, ouni autoriséiert ze sinn, ee vun dëse Beruffer ausüübt; b) eng Persoun, déi, ouni dozou berechtegt ze sinn, eng Handlung virhëlt, déi an den Zoustännegkeetsberäich vun engem vun dëse Beruffer fält; c) eng Persoun, déi sech, ouni dozou berechtegt ze sinn, en Titel gëtt, deen ee vun dëse Beruffer bezeechent oder en Titel, deen zu enger Verwiesslung féiere kann;...".
Den Artikel 16 vum geännerte Gesetz vum 26. Mäerz 1992 iwwer den Exercice an d'Opwäertung vu verschiddene Gesondheetsberuffer gesäit e.a. Follgendes vir: "mat enger Prisonsgsstrof vun 8 Deeg bis 3 Méint an enger Geldstrof vun 251 bis 5.000 Euro oder enger vun dëse béide Strofe gëtt belaangt: