Lescht Aktualiséierung : 11.08.2023

Allgemenges

D'Formatioun "Fit fir d’Léier" riicht sech u Jonker tëschent 18 a 24 Joer, déi keen Ausbildungsvertrag hunn a beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM (ADEM-OP) ageschriwwe sinn. D'Zil ass et, hinnen dobäi ze hëllefen, eng Léierplaz fir dat nächst Schouljoer ze fannen. D'Formatioun ass eng Alternativ zu de COIP-Klassen a bitt eng méi geziilte Betreiung.

Dee Jonke kritt gehollef, en Ausbildungspatron ze fannen, e gëtt derbäi ënnerstëtzt, säin CV a säi Motivatiounsbréif opzestellen, nodeem d'pedagogesch Ekipp zesumme mat him en individuelle beruffleche Projet ausgeschafft huet. E gëtt och op en eventuellt Astellungsgespréich virbereet. D'Aarbecht mat deene jonke Leit fënnt entweder a klenge Gruppen oder individuell statt.

D'Formatioun viséiert eng besser Orientatioun, well de Jonken en zukünftege potentielle Beruff entdecken an esou feststelle kann, ob en déi néideg Viraussetzunge matbréngt.

Follgend Formatiounsdomainer ginn ugebueden:

  • Coiffure,
  • Commerce,
  • Bau,
  • Kichen,
  • Elektrizitéit,
  • Informatik,
  • Mechanik,
  • Schräineraarbechten,
  • Metall,
  • Ustrach,
  • Verschaffen an
  • Verkaf.

Oflaf

  1. Éischte Kontakt, Virgespréich fir erauszefannen, wéi eng Interessien de Kandidat huet an ob e fir de Projet gëeegent ass.
  2. Formatiouns-Workshoppe mat enger Auswiel vun 12 Beruffer, déi ee wärend 2 Semester entdecke kann. Déi theoretesch Coursë sollen op d'Beruffsliewe virbereeden (en CV an e Motivatiounsbréif schreiwen, gutt kommunizéiere kënnen, sech op e Virstellungsgespréich virbereeden asw.).
  3. Orientatiouns-Stagen: Och dës sinn drop ausgeriicht, ze kucken, ob e Beruff passt, an eng Léierplaz ze fannen. De Kandidat muss obligatoresch 2 Stagë vun 2 bis 3 Woche maachen, hie kann awer am Laf vun der Formatioun esou vill Stagë maache, wéi hie wëll.

Kontakt

CNFPC Esch-sur-Alzette

22, rue Henri Koch
L-4354 Esch-sur-Alzette

www.cnfpc.lu

Melissa Roll

+352 55 89 87 202
melissa.roll@cnfpc.lu
CNFPC Ettelbruck

77, rue J.-P. Thill (Z.I.)
L - 9085 Ettelbruck

www.cnfpc.lu

Tammy Koenig

+352 81 89 39 50
tammy.koenig@cnfpc.lu