Lescht Aktualiséierung : 01.08.2024

Allgemenges

Liewenslaang allgemeng a berufflech Bildung oder och "liewenslaangt Léieren" bezeechent

"All Léieraktivitéit, déi zu iergendengem Moment vum Liewen ënnerholl gëtt mam Zil, säi Wëssen, säin Know-how, seng Fäegkeeten, seng Kompetenzen an/oder seng Qualifikatiounen am Kader vun enger perséinlecher, sozialer an/oder berufflecher Perspektiv ze verbesseren."

Source: Cedefop, Glossaire La qualité dans l'enseignement et la formation, 2011

Dës Aktivitéite fanne souwuel an den Educatiouns- a Formatiounssystemer wéi och ausserhalb dovu statt.

Educatioun an Éischtausbildung

De lëtzebuergesche Schoulsystem

Zu Lëtzebuerg besteet fir Kanner am Alter vu 4 bis 16 Joer Schoulflicht. Si ëmfaasst mindestens 12 Joer, déi op d'Grondschoul an de postprimären Unterrecht opgedeelt sinn.

D'Grondschoul besteet aus véier Zyklen, opgedeelt op d'Spillschoul an d'Primärschoul fir d'Kanner vu 4 bis 11 Joer.

Duerno kënnt d'Orientatioun, d'Aussiche vun engem Beruff an der Formatioun, déi zu dësem Beruff féiert. Et gëtt een also Schüler am Enseignement secondaire, Léierbouf oder -meedchen oder Student am lëtzebuergesche Schoulsystem.

De postprimären Unterrecht huet zwee Unterrechtssystemer:

  • den Enseignement secondaire classique, deen no 7 Joer mam Diplôme de fin d'études secondaires classiques (DFESC) ofgeschloss gëtt an op en Universitéitsstudium virbereet;
  • den Enseignement secondaire général, dee verschidde Formatiounsregimmen ëmfaasst, déi, jee no Orientatioun, 6 bis 8 Joer daueren:
    • Technesche Regime (Diplôme de fin d'études secondaires générales - DFESG)
    • Technikerausbildung (Diplôme de technicien - DT)
    • Berufflech Ausbildung (Diplôme d'aptitude professionnelle - DAP)
    • Berufflech Grondausbildung (Certificat de capacité professionnelle - CCP)

D'Héichschoulstudie regruppéieren den Zougang zu der Meeschterkaart, zum Brevet de technicien supérieur (BTS) oder zu engem Universitéitsdiplom (Bachelor, Master, PH.D.).

De lëtzebuergesche Bildungssystem zeechent sech fundamental duerch seng traditionell Méisproochegkeet aus. De Sproochenunterrecht huet an deem Kontext eng zentral Bedeitung.

D'Beruffsausbildung an d'Erwuessenebildung gehéieren alle béid zum Konzept vum liewenslaange Léieren.

  • D'Zil vun der Beruffsausbildung ass et, de Schüler entweeder eng berufflech Qualifikatioun am Lycée technique ze vermëttelen oder de Persounen, déi schonn Titulaire vun enger berufflecher Qualifikatioun sinn, derbäi ze hëllefen, dës unzepassen oder se a Funktioun vun der Entwécklung vum Fortschrëtt an der Wirtschaft ze erweideren.
  • D'Erwuessenebildung bitt en Unterrecht, deen un erwuessen Apprenanten ugepasst ass, sief et am Kader vun enger berufflecher Weiderbildung, vun allgemenge Coursen oder vu Virbereedungscoursen op national Certificaten an Diplomer.

Liewenslaangt Léieren

Beruffsliewen

Am Laf vum Beruffsliewe ginn nei Formatiounen onverzichtbar, fir

  • sech nei Kompetenzen am Kader vu senger Aktivitéit unzëeegnen,
  • den Zougang zum Aarbechtsmaart oder d'Zeréckkommen op seng Aarbechtsplaz ze erliichteren,
  • sech a senger Entreprise oder och ausserhalb dovu weiderzëentwéckelen,
  • sengem beruffleche Parcours eng nei Richtung ze ginn,
  • eng Qualifikatioun ze kréien ...

Seng Kompetenze mat lifelong-learning.lu ausbauen

Pensioun

Schlisslesch kënnen an der Pensioun, wou d'berufflech Aktivitéit op en Enn kënnt, Formatiounen zur perséinlecher Weiderentwécklung vu jidder Eenzele bäidroen.

De Pensionéierte bleift weiderhi geeschteg aktiv a ka vill Offeren notzen, fir ëmmer nach derbäizeléieren.

No Formatiounsberäich sichen: Sproochen, Konscht, Informatik ...

D'liewenslaangt Léiere besteet aus all dësen Etappen.

An deem Sënn schaffen déi staatlech a privat Initiativen zu Lëtzebuerg op dat selwecht Zil hin: den Opbau vun engem héichwäertegen Educatiouns- a Formatiounssystem ouni Ënnerbriechung, vun der Kandheet bis zum Pensiounsalter.

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

www.men.public.lu



Horaires d'ouverture
8h30 - 11h30 | 14h00 - 17h00

+352 247 85100
info@men.lu