Schoulesch a berufflech Orientatioun

Lescht Aktualiséierung : 17.10.2024

Allgemenges

Jidderee muss am Laf vu sengem Liewen Zäite bewältegen, an deene villes sech ännert, onofhängeg dovun, ob dës Changementer fräiwëlleg oder net sinn. Dat betrëfft z.B. konkreet den Iwwergang vu Schoul zu Schoul, vun der Schoul an d'Inaktivitéit, vun der Schoul an d'Beruffsliewen, vum Beruffsliewen an de Chômage, vum Chômage zeréck an d'Beruffsliewen oder och nach vun enger Aarbechtsplaz op eng aner.

Bei all Transitioun stellt sech déi méi oder manner einfach Fro no der Orientatioun oder der Reorientatioun, déi ee senger Carrière wëllt ginn. Bei der Gestaltung vu sengem beruffleche Parcours ass d'Orientatioun en Instrument, fir säi Formatiounsparcours ze optiméieren, den Zougang vun de Jugendlechen zum Beruffsliewen ze verbesseren oder d'berufflech Mobilitéit an d'Ëmschoulung vun den Erwuessenen am Laf vum Beruffsliewen ze erliichteren.

Et geet drëm, deem Eenzelen derbäi ze hëllefen, eegeverantwortlech Decisiounen ze treffen, an hien an Zäite vum Wiessel ze begleeden. Fir hien optimal virzebereeden, musse fir d'éischt emol d'Kompetenzen definéiert ginn, déi hien an all Liewensabschnitt, vun der Jugend bis zum Rentenalter, brauch oder sech uneegne muss.

D'Maison de l'orientation

D'Servicer vun der schoulescher an der berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach

D'Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, an där déi ëffentlech Acteuren am Beräich vun der schoulescher an der berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach regruppéiert sinn.

D'Offer vun der Maison de l'orientation riicht sech un all Bierger, dee Berodung am Zesummenhang mat senger schoulescher oder berufflecher Orientatioun sicht, fir seng Fäegkeeten, Kompetenzen an Interessen ze bestëmmen a pertinent Decisioune fir de Choix vu senge Studien, Formatiounen a berufflechen Aktivitéiten ze huelen.

D'Servicer vun der Maison de l'orientation:

  • SCMO - Service fir d'Koordinatioun vun der Maison de l’orientation
  • CePAS - Zentrum fir psychosozial a schoulesch Begleedung
  • SIA – Service fir d'Integratioun an de schouleschen Accueil
  • MESR - Informatiounsservice fir Héichschoulstudien vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul
  • ADEM-OP - Beruffsberodungsservice vun der ADEM - Regioun Zentrum
  • SNJ - Lokal Antenn fir Jugendlecher vum Nationale Jugendservice
  • ATVA - Agence fir den Iwwergang an e selbstännegt Liewen
  • SFA - Service vun der Erwuessenebildung
  • EG – National Agence Euroguidance

Am Espace "Orientatioun" huet de Bierger d'Méiglechkeet, ouni Rendez-vous an am Respekt vum Anonymat en éischt Gespréich ze féieren, an dat d'ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) vu méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer. De Guichet "Informatioun Héichschoulstudien" ass nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op.

Bei de Servicer vun der Maison de l’orientation kënnen Interesséierter direkt e Rendez-vous fir e Berodungsgespréich ufroen, an dat d'ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) vu méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer.

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Kontakt

Maison de l'orientation

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

www.maison-orientation.public.lu
www.orientation.lu
+352 80 02 81 81
info@maison-orientation.public.lu

Espace "orientation" sans rendez-vous:
Du lundi au vendredi : 10h-12h / 13h-17h

Sur rendez-vous:
Du lundi au vendredi : 8h-12h / 13h-17h