CAI - Opnam- an Integratiounsvertrag

Lescht Aktualiséierung : 19.08.2024

Allgemenges

Den Opnam- an Integratiounsvertrag (contrat d’accueil et d’intégration - CAI) gëtt vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun ugebuede fir Persounen, déi:

  • op d'mannst 16 Joer al sinn;
  • net d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn;
  • rechtméisseg an dauerhaft zu Lëtzebuerg wunnen.

De Programm vum CAI ass fakultativ a riicht sech souwuel un EU-Bierger wéi och u Persounen aus Drëttstaaten a souwuel u Leit, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn wéi och u Leit, déi scho säit Joren zu Lëtzebuerg wunnen. Déi eenzel Prestatioune sollen d'Integratioun zu Lëtzebuerg vereinfachen an hëllefen, d'Land a seng multikulturell Gesellschaft besser kennenzeléieren.

Organisatioun

D'Dauer vum CAI ass op 2 Joer festgeluecht, wärend deenen d'Persoun, déi en ënnerschreift, sech engagéiert, u Sproochen a Civiquescoursen deelzehuelen a bei engem Orientéierungsdag derbäi ze sinn.

Fir datt de Vertrag duerch e Certificat ka validéiert ginn, mussen d'Kandidaten un deenen 3 folgende Veranstaltungen deelhuelen:

  • D'Sproochecoursë ginn de Signatairë vum Vertrag d'Méiglechkeet, déi lëtzebuergesch, franséisch oder däitsch Sprooch ze léieren an op d'mannst den Niveau A.1.1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GeRS) ze erreechen. D'Signatairë wielen hir Coursen aus der Offer:
  • Si kënne bis zu 3 Bonge fir e reduzéierten Tarif kréien, fir un dëse Sproochecoursen deelzehuelen.

  • D'Coursen an der Instruction civique ëmfaasse 4 Moduler:
    • d'gesellschaftlech an historesch Entwécklung vu Lëtzebuerg,
    • d'Rechter an d'Flichte vum Bierger,
    • d'Integratioun duerch d'Kultur,
    • d'Mëttel an d'Weeër fir eng interkulturell Gesellschaft opzebauen.

    D'Coursen dauere mindestens 6 Stonnen, sinn iwwer e puer Seancë verdeelt a ginn op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Portugisesch, BCS (Bosnesch-Kroatesch-Serbesch), Spuenesch, Englesch a Chinesesch ofgehalen.

    Hei sinn d'Coursen an der Instruction civique an Integratioun.

  • Den Orientéierungsdag, deen zwee Mol d'Joer stattfënnt, gëtt un engem Weekend ofgehalen an dauert en hallwen Dag. E gëtt an Zesummenaarbecht mat ville Partner organiséiert a soll et dem Kandidat erméiglechen, sech mat den offiziellen Instanzen an Organisatioune vu Lëtzebuerg an enger entspaanter Athmosphär ze familiariséieren.

Fir de CAI ofzeschléissen, ginn et online op MyGuichet.lu 2 Demarchen:

  • E Rendez-vous fir eng perséinlech Orientéierung an d'Ënnerschreiwe vum CAI huelen
  • Demande, fir en Opnam- an Integratiounsvertrag (CAI) ouni individuell Orientéierung ofzeschléissen

Kontakt

Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région
Département de l'intégration - CAI

13 C, rue de Bitbourg
L-1233 Luxembourg-Hamm

www.forum-cai.lu
www.infolux.lu