En DAP am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener oder den DAP Aide-soignant beruffsbegleedend kréien
Erwuessener, déi eng éischte Kéier oder op en Neits de Wonsch verspieren, en Handwierk oder e Beruff ze léieren oder hir berufflech Carrière ëmzeorientéieren, kënnen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener en DAP am duale System kréien.
Et gëtt drop higewisen, datt am Secteur vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich den DAP Aide-soignant och beruffsbegleedend ugebuede gëtt.
Beruffstäteg Erwuessener, déi den DAP Agent administratif et commercial kréie wëllen, kënnen dat éischt DAP-Joer an Owescoursë maachen.
Den DAP vermëttelt Zougang zum Aarbechtsmaart als qualifizéierte Salarié.
D'Formatioun vum DAP Auxiliaire de vie gouf 2023 reforméiert, an et goungen 2 nei DAPen aus där Reform ervir:
DAP Agent socio-pédagogique (oder DAP Éducation)
D'Beruffsausbildung, fir den DAP Agent socio-pédagogique ze kréien, preparéiert d'Schüler op d'Betreiung an den Encadrement vu Kanner a Jugendlechen a Crèchen, Maison-Relaisen, Dageszentren, asw.
Den DAP Agent socio-pédagogique gëtt zanter dem Schouljoer 2023/2024 als Ausbildung fir Erwuessener an am franséischsproochege Regime ugebueden.
DAP Agent d'Inclusion
Bei der Formatioun, fir den DAP Agent d'Inclusion ze kréien, geet et an éischter Linn ëm d'Begleedung vu Kanner, Jonken an eelere Leit mat spezifesche Besoinen, fir datt si un allen Aspekter vum Alldag kënnen deelhuelen.
Fir d'Rentrée 2024-2025 gëtt och eng Ausbildung fir Erwuessener ausgeschafft.
D'Schouljoer 2024/2025 steet am Zeeche vun der Aféierung vum neien DAP "Tätowéierer". Dës eenzegaarteg Ausbildung am Regime concomitant bitt zukünftegen Tattoo-Kënschtler d'Méiglechkeet, hir Passioun zum Beruff ze maachen. Si léieren, strikt Hygiènes- a Gesondheetsvirschrëften ze respektéieren, de Kontakt mat an de Suivi vu Clienten ze geréieren a gläichzäiteg hir Kreativitéit ze kultivéieren an hire Stil ze schmidden. D'Konditioun fir den Zougang zu dëser Ausbildung vun 3 Joer ass den Ofschloss vun enger 5P mat mindestens 45 Modüllen oder den erfollegräichen Ofschloss vun enger 5AD/5G.
All berufflech Ausbildungen, déi am Kader vun engem Ausbildungsvertrag ugebuede ginn, si fir Erwuessener zougänglech. D'Kandidate kënne sech beim Beruffsberodungsservice vun der Aarbechtsagence (ADEM-OP) informéieren.
Méi iwwer d'Zougangsbedéngungen an d'Organisatioun vun der Ausbildung fir Erwuessener.
Méi dozou am Groussherzogleche Reglement vum 15. Juli 2024 iwwer d'Bestëmmung vun de Beruffer an Handwierker am Kader vun der Beruffsausbildung.
Et kënne Formatiounen als grenziwwerschreidend Ausbildung ugebuede ginn.
Déi beruffsbegleedend Formatioun vum Aide-soignant adresséiert sech u Persounen, déi ënnert engem Aarbechtsvertrag am Fleegesecteur schaffen, déi schonn eng gewësse Beruffserfarung hunn an net d'Méiglechkeet haten, fir eng Éischtausbildung ze maachen. D'Formatioun dauert 3 Joer a gëtt mat engem DAP als Aide-soignant ofgeschloss.
D'Kandidate mussen:
Eng Zouloossungskommissioun stellt e Klassement op a mécht wann néideg eng Selektioun ënnert de Kandidaten. D'Prozedur fir d'Aschreiwung gëtt um Site vum Lycée technique pour professions de santé (www.ltps.lu) beschriwwen.
D'Owescoursë riichte sech u beruffstäteg Erwuessener, déi den DAP Agent administratif et commercial kréie wëllen.
Fir d'Owescoursë mussen d'Kandidaten op d'mannst 18 Joer al sinn. Si kënne sech beim Lycée technique du centre (LTC) oder beim Lycée Mathias Adam (LMA) iwwer d'Aschreiwungsbedéngungen informéieren.
1. Joer DAP an 1. Joer DAP am franséischsproochege Regimm
Erwuessener, déi dat 1. Joer DAP gepackt hunn, kënnen dat 2. an 3. Joer DAP am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener absolvéieren.
All Persoun, déi am Berufssliewe steet an eng zolitt Erfarung am Zesummenhang mam viséierten Diplom huet, kann eng Demarche fir eng Validation des acquis de l'expérience an d'Weeër leeden, fir en DAP ze kréien.
Méi iwwer d'VAE