Formatioun mat engem Ausbildungsvertrag, bei där de prakteschen Deel an engem Ausbildungsbetrib zu Lëtzebuerg stattfënnt an den theoreeteschen Deel vun enger an der Groussregioun unerkannter Schoul iwwerholl gëtt.
Déi grenziwwerschreidend Ausbildung ass eng Formatioun mat engem Ausbildungsvertrag, bei där
D'grenziwwerschreidend Ausbildung ka fir all Handwierker a Beruffer absolvéiert ginn, déi am Règlement grand-ducal vum 15. Juli 2024 iwwer d'Bestëmmung vun de Beruffer an Handwierker am Kader vun der berufflecher Ausbildung definéiert sinn.
Fir eng grenziwwerschreidend Ausbildung ufänken ze kënnen, muss een eng schrëftlech Demande beim Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) areechen. D'ADEM-OP an déi zoustänneg Beruffschamberen deelen dann dem Service de la formation professionnelle vum MENJE hiren Avis mat.
Dono sinn dann déi selwecht Demarchen ze ënnerhuele wéi am Kader vun enger Ausbildung fir Erwuessener.
Méi doriwwer
Lëscht vun de Beruffer an Handwierker, klasséiert no der Ariichtung, déi fir den Etablissement verantwortlech ass.