Mir passen eis Iech un!
Mir bidden Englesch- a Lëtzebuergeschcoursen op Mooss fir all Niveauen an Domainen un; an dat alles online. Eis flexibel Zäite ginn Iech d'Méiglechkeet, Är Coursë ronderëm Är alldeeglech Engagementer ze plangen. Fänkt ënnerhalb vun enger Woch no der Umeldung un!
Är Coursë gi gehale vun erfuerenen Enseignanten, deenen hir Mammesprooch och d'Zilsprooch ass. Dynamesch an interaktiv Coursë garantéieren Iech maximal Riedzäit an optimal Notzung vun der Zilsprooch. Mir wëllen, datt Dir net nëmme léiert, mee och eng schéin Zäit verbréngt.
Mir kreéiere lëschtegt, kreatiivt an informatiivt Material just fir Iech, op Är Besoinen ugepasst. Mir leeë vill Wäert op mëndlech Praxis, d'Schwätzen. Mir bréngen Iech dat bäi, wat Dir braucht; nëtzlech Coursë fir Iech an Är Ziler.
Dir sot eis, wat Dir wëllt a wat Dir braucht. Mir bauen d'Coursë ronderëm Är Wënsch, Bedierfnesser an Ufuerderungen op, wouduerch all Cours eenzegaarteg a speziell op Iech ugepasst gëtt.