D'Maison de l'orientation regruppéiert ënnert engem Daach verschidden Acteuren aus dem ëffentleche Secteur, déi am Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun aktiv sinn. D'Offer adresséiert sech un all Bierger, dee bei senger schoulescher oder berufflecher Orientatioun Berodung sicht, fir seng Fäegkeeten, Kompetenzen an Interessen ze bestëmmen a pertinent Decisioune fir de Choix vu senge Studien, Formatiounen a berufflechen Aktivitéiten ze huelen.
Méi Informatiounen iwwer d'schoulesch a berufflech Orientatioun
De Kompetenzebilan erlaabt et, iwwer eng perséinlech Analys seng eege Kompetenzen, Interessien a Wonschvirstellungen ze bestëmmen. Dëst ass eng gutt Basis fir e beruffleche Projet ze definéieren, eng berufflech Ëmorientéierung an d'A ze faassen oder e Formatiounsprojet unzegoen. Formatiounsinstituter, déi Member op lifelong-learning.lu sinn, kënnen an dësem Beräich hir Expertise zur Verfügung stellen a kontaktéiert ginn. Et sinn och online Evaluatiounstester disponibel, mat deenen ee sech en éischten Iwwerbléck iwwer säi perséinleche Profil verschafe kann.
Méi Informatiounen iwwer de Kompetenzebilan
Zu Lëtzebuerg gi verschidden Dispositiffe speziell fir Erwuessener, déi hir Kompetenze weiderentwéckele wëllen, ugebueden.
D'personaliséiert Léier-Workshoppen (L4S) riichte sech un Erwuessener, déi hir allgemeng Kenntnisser a Kompetenzen an de Beräicher Sproochen a Mathematik verbessere wëllen.
D'Grondbildung riicht sech un Erwuessener, déi sech am Rechne verbessere wëllen, déi besser op Franséisch oder op Däitsch liesen a schreiwe léiere wëllen oder déi sech Grondkompetenzen am digitale Beräich uneegne wëllen.
D'Coursë fir Persoune mat spezifesche Besoinen gi speziell organiséiert fir blann oder séibehënnert Persounen an daf oder héiergeschiedegt Persounen.
Den Opnam- an Integratiounsvertrag (contrat d’accueil et d’intégration - CAI) ass e fräiwëllegen Integratiounsprogramm, fir net lëtzebuergeschen Awunner d'Integratioun an d'aktiv Bedeelegung um Liewen zu Lëtzebuerg ze erliichteren.
Zu Lëtzebuerg gi verschidde Moossnamen ugebueden, fir Jonker ze encadréieren, déi hir Kompetenze verbesseren an op den Aarbechtsmaart komme wëllen.
D’École nationale pour adultes (ENAD) bitt alle Jonken an Erwuessenen am Alter tëschent 16 an 30 Joer, déi d'Schoul ofgebrach hunn oder e Schoulofschloss kréie wëllen, eng nei Chance fir d'Reussite am Schoulsystem.
De Beruffsaféierungsvertrag (contrat d’initiation à l’emploi - CIE) vermëttelt dem jonken Demandeur d'emploi ënner 30 Joer eng éischt praktesch Erfarung.
De Vertrag fir d'Ënnerstëtzung vun der Beschäftegung (contrat d’appui-emploi - CAE) bitt dem jonken Demandeur d'emploi ënner 30 Joer, mat oder ouni Ofschloss, d'Méiglechkeet, eng praktesch an theoreetesch Formatioun ze absolvéieren. De CAE ass den Employeuren aus dem ëffentleche Secteur virbehalen.
D'Coursë fir d'berufflech Orientatioun an Initiatioun (cours d'orientation et d'initiation professionnelles - COIP) erméiglechen et jonke Leit, e realistesche beruffleche Projet auszeschaffen a sech op d'Beruffsliewe virzebereeden oder de Wee vun enger Beruffsausbildung anzeschloen.
D'Formatioun Fit fir d’Léier (F4L) betreit Jugendlecher am Alter tëschent 18 a 24 Joer, fir hinnen derbäi ze hëllefen, eng Léierplaz an engem Beruff, deen hinnen zouseet, ze fannen.
Zu Lëtzebuerg ginn et verschidden Initiativen um Gebitt vun der berufflecher Reinsertioun.
Initiatiouns- a Weiderbildungscoursën an de Secteuren, déi rekrutéieren oder mam Kandidat senge perséinleche Besoinen am Zesummenhang stinn, ginn den Demandeurs d'emploi, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, wärend hirer Chômagezäit entweeder gratis oder zu engem reduzéierten Tarif ugebueden.
De Reinsertiounsvertrag (contrat de réinsertion-emploi - CRE), dee praktesch an theoreetesch Formatioun matenee verbënnt, erlaabt et den Employeuren, hir Erfarung weiderzeginn an eeleren Demandeurs d'emploi a Salariéë mat enger Behënnerung oder ageschränkter Aarbechtsfäegkeet eng reell Chance op Astellung ze bidden.
D'Initiativ FutureSkills erlaabt et den Demandeurs d'emploi, déi vun der ADEM ausgewielt goufen, iwwer eng Formatioun hir transversal Kompetenzen ze stäerken an auszebauen an am Kader vun engem praktesche Stage wärend dem Zäitraum vun der Aarbechtslosegkeet aktiv ze bleiwen.
D'Initiative fir d'berufflech Reinsertioun gi vun Instituter aus dem Veräinswiesen ugebueden, déi am Formatiouns- an Orientatiounsberäich aktiv sinn. Si kënnen op personaliséiert Begleedung, Formatioun, Berodung, Initiatioun an de "Green Jobs" ausgeriicht sinn an hunn als Zil, all Persoun, déi eng Aarbecht sicht, derbäi ze ënnerstëtzen, hir Kompetenzen ze entwéckelen.
D'Europäesch Kommissioun huet Programmer fir d'berufflech Mobilitéit ageriicht, fir d'Begleedung vu Persounen, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, a ganz Europa ze fërderen.