Bei den Inhalt goen

Informatiounsversammlung iwwert Bäihëllefen fir d'Formatioun fir Privatleit

16.10.2024
INFPC
Am Partenariat mat dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Beruffschamberen
Chambre des salariés (CSL)
2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
18h00 - 19h30
Umeldung obligatoresch

INFPC

+352 46 96 12 218

D'Informatiounsveranstaltunge ginn am Presentiel (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D'Participantë vun de Presentiel-Veranstaltunge kréien och d'Méiglechkeet, direkt no der Präsentatioun hir Froen ze stellen.

D'Participatioun as gratis, d'Umeldung obligatoresch.

Sech umellen

Privatpersounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, de Beruff wiesselen oder hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op Bäihëllefe fir d'Weiderbildung.

D'Bäihëllefsmoossnamen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, kënne follgend Formen unhuelen:

  • Bezuelte Spezialcongé: Individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé oder Jugendcongé fir sech ze forméieren, woubäi d'Remuneratioun iwwerholl gëtt
  • Organisatioun vun der Aarbechtszäit: perséinlecht Amenagement vun der Aarbechtszäit oder Congé sans solde, fir datt de Salarié seng Formatioun en fonction vu sengen Aarbechtszäiten an Disponibilitéiten organiséiere kann
  • Finanziell Bäihëllefen: steierlech Ofsetzbarkeet, finanziell Bäihëllefe fir Héichschoulstudien, Programm Erasmus+…

Den INFPC presentéiert déi verschidde Mesuren, fir d'Demarchë fir den Zougang zur Formatioun ze vereinfachen

D'Informatiounsveranstaltunge gi vum INFPC am Partenariat mat dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Beruffschamberen organiséiert.


Fir den Inhalt vun dësem Artikel ass eleng säin Auteur verantwortlech - INFPC