lagom.lu

S.à r.l.-S

Agrement

10137759/1

Typpe vun ofgehalene Formatiounen

Katalogsformatioun a Formatioun op d'Mooss

Aner Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Formatioun

Begleedung - Coaching, Berodung a Servicer am Formatiounsberäich, Gestioun Formatiounsparcours

Interventiounsberäicher

Lëtzebuerg (All Regiounen)

Sprooch(e) vun der Déngschtleeschtung

DE FR LU

Zuel vu verëffentlechte Formatiounen

3

Méi iwwer eis

Am elektreschen Beräich geet d'Zuel vun de Virschrëften, Normen, Standarden a Reglementer esou séier e kucken kann erop. D’Ofschafen vun all dësen administrativen Aufgaben hellt vill onproduktiv Zäit, ier den Techniker de Schrauwenzéier unzepaken kritt.
Bei eisen däitschen Noperen kann den Entrepreneur dës Aufgaben a Pflichten un en ‚verantwortlechen Elektriker‘ wieder ginn. Dës ‚verantwortlech a qualifizéiert Persoun‘ kritt déi technesch Verantwortung vun der ganzer oder engem Deel vun der elektrotechnescher Anlag.

Do ass et, wou lagom.lu Iech gären hëllefen well. En Studium an der Elektrotechnik, konsequent Weiderbildung a jorelaang Erfarung an der Beruffssécherheet erlaben eis, Iech ze hëllefen d'Ufuerderunge um d‘Beruffssécherheet an der Elektrotechnik ëmzesetzen.

Well d'Iddi hannert lagom.lu ass et, déi komplex, theoretesch Aufgaben an eng méiglech einfachst Praxis ze iwwersetzen. Genau am richtege Mooss, dee gebraucht gëtt fir d'Aarbecht gutt, sécher an effizient auszeféieren. Et gëtt an der schweedescher Sprooch e Wuert fir dësen ‘just richteg – weder ze vill nach ze wéineg’: ‘lagom’. Wat eng Zort Liewensstil ka sinn, kann och fir d'Sécherheet un elektresche Systemer ëmgesat ginn: et muss sou vill sinn, datt d'Aarbecht an der gréisster Sécherheet gemaach ka ginn, ouni awer stresseg oder démotivant ze ginn.

Lagom är bäst!

Formatiounsdomainer

Mechanik, Elektrotechnik, Automatiséierung
Qualitéit, Sécherheet
Präventioun Sécherheet

E puer Zuelen

2022
Ufank vun der Formatiounsaktivitéit
3500
Formatiounsstonne pro Joer
400
Participantë pro Joer
1
Permanent(e) Formateur(en)

Kataloge fir erofzelueden