Bei den Inhalt goen

Apprentissage informel

Lescht Aktualiséierung : 29.11.2024

Definitioun

Léieren, dat sech aus den Aktivitéiten am Alldag, op der Aarbechtsplaz, an der Famill oder an der Fräizäit ergëtt. Dëst Léieren ass (a puncto Objektiver, Zäit oder Ressourcen) weder organiséiert nach strukturéiert.

Quell: Loi du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle

-----

Uneegne vu Wëssen, Knowhow, Informatioun, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen am Kader vun alldeeglechen Aktivitéiten – Aarbecht, Famill oder Fräizäit –, déi a puncto Léierziler, Léierzäit a Ressourcen net ausdrécklech als Léieraktivitéite bezeechent ginn.

Commentaire:

  • Net formellt Léiere kann aus der Siicht vun den Apprenante(ë) gewollt sinn;
  • d'Resultater vum informelle Léiere kënne validéiert a certifiéiert ginn;
  • informellt Léiere gëtt heiansdo och zoufällegt Léieren oder Léieren aus Erfarung genannt;
  • dëse Begrëff ass Famill, awer net synonym mat: net formellt Léieren.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"