Bei den Inhalt goen

Europass Mobilitéit

Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

Dokument, an deem d'Wëssen, d'Fäegkeeten an d'Kompetenzen erfaasst ginn, déi e Kandidat sech am Kader vun enger Léiererfarung an engem aneren europäesche Land ugëeegent huet (Stage an engem Betrib, Studienzäitraum am Kader vun engem Austauschprogramm, benevolle Stage an enger ONG asw.)

Commentaire

Den Europass Mobilitéit gëtt ausgestallt vun den Organisatiounen, déi d'Mobilitéit vum Kandidat encadréieren (Partner am Hierkonfts- an am Gaaschtland).

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"