Bei den Inhalt goen

Evaluatioun vun der allgemenger an der berufflecher Bildung

Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

Beurteelung vum Wäert vun enger Interventioun, engem Programm, enger Politik oder engem Déngschtleeschter op der Basis vu Krittären an Normen (z. B. der Pertinenz oder der Effikassitéit).

Commentaire

  • Dëse Begrëff huet zwou Dimensiounen:

    • formativ Evaluatioun: Prozess fir d'Beurteelung vun de Moyenen, mat deenen d'Ëmsetzung an d'Gestioun vun der Interventioun verbessert a verstäerkt kënne ginn. Déi formativ Evaluatioun riicht sech an éischter Linn un d'Gestionnairë vun der Interventioun an huet als Zil, hir Aarbecht oder zukünfteg Initiativen, déi domat verbonne sinn, ze verbesseren;
    • summativ Evaluatioun: systematesch Analys, fir de Wäert vun engem Programm, enger Moossnam oder enger Politik unhand vun enger verdéifter Evaluatioun an Etüd ënner Uwendung vu gëeegente Methoden, Krittären, Normen an Indicateuren aus dem Beräich vun de Sozialwëssenschaften ze bestëmmen;
  • dëse Begrëff ass net synonym mat: Evaluatioun vun de Léierresultater, Inspektioun
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"