Bei den Inhalt goen

Qualifikatiounsniveau

Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

Am Kader vun engem Qualifikatiounssystem oder Certificatiounskader unerkannten Niveau, deen eng Persoun an der allgemenger an an der berufflecher Bildung erreecht huet,

oder

Kompetenzgrad, deen eng Persoun dank der allgemenger oder berufflecher Bildung, der Beruffserfarung oder an engem informelle Kontext erreecht huet.

Commentaire

  • De Qualifikatiounsniveau gëtt dacks unhand vun de Referentielle vun de Qualifikatiounssystemer oder den Descripteure vun den Niveaue vu Certificatioune festgeluecht;
  • dësen Niveau kann och par rapport zu engem Beruffsprofil (z. B. duerch d'Beschreiwung vun de Léierresultater, déi fir d'Duerchféiere vun de berufflechen Aufgaben op engem bestëmmten Niveau vu Responsabilitéit a Selbstännegkeet néideg sinn) festgeluecht ginn.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"