Bei den Inhalt goen
Lescht Aktualiséierung : 13.12.2024

Definitioun

Europäesche Reseau vu Partnerinstitutioune vum Cedefop, déi Informatiounen iwwer national Aus- a Weiderbildungssystemer a -politicken an den EU-Memberlänner, Island an Norwegen bereetstellen.

Commentaire

ReferNet sammelt Informatiounen iwwer déi national Aus- a Weiderbildungssystemer a -politicken a suivéiert hir Entwécklung:

  • d'Datebank iwwer d'Aus- a Weiderbildung an Europa hëlleft de politeschen Decideuren, de Sozialpartner, de Fuerscher an den anere bedeelegte Parteien, d'Änlechkeeten an d'Ënnerscheeder tëscht de verschiddenen nationalen Aus- a Weiderbildungssystemer ze verstoen;
  • d'Kuerzbeschreiwungen droen zu engem bessere Verständnis vun den Aus- a Weiderbildungssystemer an de Länner bäi, déi d'Presidence vum Rot vun der Europäescher Unioun assuréieren;
  • d'Broschüren Regards sur… la formation professionnelle ginn e kuerzen Iwwerbléck iwwer d'Aus- an Weiderbildung an de Länner;
  • Videoe beschreiwen déi national Aus- a Weiderbildungssystemer;
  • déi Thematesch Perspektive proposéieren eng Rei vun Artikelen iwwer d'Prioritéite vun den EU-Presidencen an déi wichtegst Initiativen;
  • déi national Aktualitéiten hiewen déi rezent Entwécklunge vun der Aus- a Weiderbildung a vum Aarbechtsmaart an alle Länner ervir;
  • déi 29 national Internetsitte presentéieren déi national Froen am Beräich vun der Aus- a Weiderbildung an erhéijen d'Visibilitéit vun de Verëffentlechunge vum Cedefop.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"