The human resources specialists. Local knowledge. Global understanding.
HR Services, gegrënnt am Joer 2000 vum Diane Ries, ass eng Berodungs- a Formatiounsfirma, déi am Beräich Human Resources spezialiséiert ass.
Eis multikulturellt Team bitt eng breet Palette vu Servicer un, dovun er anerem: Human Resources Consulting, Personalentwécklung, Formatioun, Coaching an Outplacement, HR Interim Management, an Assessment Centres.
Als aktiv Intervenanten a verschiddenen HR Beräicher bei lokalen Organisatiounen aus verschiddenen Domainen, deelen d' Formateuren vun HR Services gären hir Expertise an hir Erfahrung mat de Participanten vun de verschiddene Séminairen. Mir ginn HR Coursen vun HR Experten fir HR Profien.
Eis Methodologie fir Inter-Company Formatiounen ass spezifesch: kompakt a gläichzäiteg ganz individualiséiert Formatiounen, kleng Gruppen (maximal 6 Participanten), eng interaktiv Approche mat ville konkrete Beispiller aus der Beruffserfahrung vun eise Formateuren.All eis Formatioune kënne och als Intra-Company Formatioun adaptéiert ginn, an doduerch d'Wäerter vum Client reflektéieren. Mir kreéieren och Formatiounen op Mooss, déi de spezifeschen Ufuerderungen vum Client entspriechen.
All Formatioun kann op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch oder enger Kombinatioun vun dëse véier Sprooche geliwwert ginn wann der multikultureller Situatioun vun eise Clienten zegutt kënnt. All Mataarbechter kann déi selwecht Formatioun kréien, onofhängeg vu senger Mammesprooch.