Eng Ekipp vun Beneficiairen an enger Aarbechtsmesure encadréieren

Betribsiwwergräifend Formatioun

U wie riicht sech d'Formatioun?

All Zilgruppen

Erreechten Niveau

Avancéiert

Dauer

32,00 Stonn(en)

Sprooch(e) vun der Déngschtleeschtung

DE LU

Nächst Sessioun

05.11.2024
Plaz
Howald

Präis

2100,00€

Ziler

Um Enn vun dëser Formatioun, hun Participanten hirt Wëssen an hir Kompetenze weiderentwéckelt mee och nai Outils'en a Methoden entdeckt, fir d'Beneficiairen beschtens ze begleeden an ze encadréieren.

Inhalt

Modüll 1 - Ziler a pedagogesch Missioune vun Aarbechtsmesuren

An dësem Modüll ginn déi folgend Punkten ugeschnidden:

  • Wat ass eng Aarbechtsmesure? Wien sinn d' Acteuren? Wat sinn hir Missioun a Ziler?
  • Dei pedagogesch Roll vum Ekippechef: Wëssen, savoir-faire an savoir être vermëttelen
  • D'Erwaardunge vum Ekippechef vis-à-vis vun d' Beneficiairen

Modüll 2 - Wien sinn de Beneficiairen an enger Aarbechtsmesure?

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • D'Eegenschaften an d'Profiller vun de Beneficiairen
  • Diversitéit managen? (Multikulturalitéit, Méisproochegkeet, Diskriminatioun virbeugen, Stéierungen a Sucht)

Modüll 3 - Reglementatiounen: Grondlagen, Sécherheet, Gesondheet a Verantwortungen op der Aarbecht

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • Grondlagen: Aarbechtsrecht a Reglement vun der Struktur
  • Verantwortunge vum Ekippechef: informéieren, assistance à personne en danger
  • En Aarbechtsaccident geréieren

Modüll 4 - D'Kommunikatioun a d'Evaluatioun fleegen, e konstruktiv Feedback gin

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • Mat engem Client kommunizéieren
  • Mat engem Beneficiaire kommunizéieren
  • Mat der Hierarchie an dem Betreiungspersonal kommunizéieren
  • D'Ekipp evaluéieren: sachlech an onparteiesch bleiwen
  • E konstruktiv Feedback gin

Modüll 5 - Ekippechef sinn: Wat fir Defien?

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • Emotioun- a Stressmanagement
  • Zäit- a Prioritéitemanagement
  • Schwiereg Situatiounen a psychosozial Risike managen (sech distanzéieren, sech schützen, Diplomatie opbréngen)
  • Delegéieren
  • Mental Gesondheet: Sensibiliséierung, Identifizéierung, Preventioun

Modüll 6 - Eng Ekipp managen

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • Eng Ekipp motivéieren a sech virbildlech behuelen
  • Gruppendynamik verstoen, Zesummenhalt an der Ekipp
  • Konfliktmanagement

Pedagogesch Methoden

Lors de cette formation, les interventions se veulent très pratiques et les échanges seront vivement encouragés.

Nächst Sessioun

Datum
Stad
Sprooch & Präis
05.11.2024

25.03.2025
Howald
DE 2100,00€

Dës Formatioune kéinten Iech interesséieren