Bei den Inhalt goen
Lescht Aktualiséierung : 28.11.2024

Definitioun

Den EU-Programm fir d'Fërderung vun der allgemenger a berufflecher Bildung, vun der Jugend a vum Sport an Europa.

Commentaire

  • Mat Erasmus+ ginn déi follgend Ziler gefërdert:

    • Mobilitéit zu Léierzwecker vun Eenzelpersounen a vu Gruppe gradewéi Zesummenaarbecht, Qualitéit, Inklusioun a Gläichstellung, Exzellenz, Kreativitéit an Innovatioun um Niveau vun den Organisatiounen an de politesche Strategien an de Beräicher vun der allgemenger a berufflecher Bildung;
    • net formell Mobilitéit zu Léierzwecker an d'aktiv Participatioun vu jonke Leit gradewéi Zesummenaarbecht, Qualitéit, Inklusioun, Kreativitéit an Innovatioun um Niveau vun den Organisatiounen an de politeschen Ausriichtungen an de Beräicher vun der Jugend;
    • Mobilitéit zu Léierzwecker vum Personal am Sportsberäich gradewéi Zesummenaarbecht, Qualitéit, Inklusioun, Kreativitéit an Innovatioun um Niveau vun den Organisatiounen an de politesche Strategien am Sportsberäich;
  • d'europäesch Plus-value vun den Aktiounen an Aktivitéite vun Erasmus+ gëtt séchergestallt duerch:

    • hiren transnationale Charakter, besonnesch a Bezuch op d'Mobilitéit zu Léierzwecker an d'Zesummenaarbecht, fir en nohaltege systeemeschen Effekt ze garantéieren;
    • hir Komplementaritéit an hir Synergië mat anere Programmer a politesche Strategien an Europa um nationalen Niveau, um Niveau vun der EU an um internationalen Niveau;
    • hire Bäitrag zu enger effikasser Uwendung vun den Transparenz- an Unerkennungsinstrumenter vun der Unioun;
  • d'Schwéierpunkte vum Programm 2021-2027 sinn d'sozial Inklusioun, den ekologeschen an digitale Wandel an d'Fërderung vun der Participatioun vun deene Jonken um demokratesche Liewen.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"