Bei den Inhalt goen

Europäesche Bildungsraum

Lescht Aktualiséierung : 28.11.2024

Definitioun

Gemeinschaftleche Kooperatiounsraum, deen um Vertrauen, der géigesäiteger Unerkennung, der Zesummenaarbecht an dem Austausch vu Best practices, der Mobilitéit an dem Wuesstem baséiert a besonnesch drop ausgeriicht ass:

  • d'Mobilitéit zu Léierzwecker an eng Realitéit fir jiddwereen ëmzesetzen;
  • d'Hindernisser fir d'Unerkennung vu Qualifikatioune souwuel um Niveau vun de Schoulen ewéi och vum Héichschoulwiesen aus der Welt ze schafen;
  • d'Entwécklung vu Studieprogrammer ze moderniséieren;
  • den Apprentissage vu Sproochen ze fërderen;
  • europäesch Universitéite vu Weltrang ze schafen, déi ouni Schwieregkeete grenziwwergräifend zesummeschaffe kënnen;
  • déi allgemeng an déi berufflech Bildung, gradewéi d'liewenslaangt Léieren ze verbesseren;
  • d'Innovatioun an der Bildung am digitalen Zäitalter ze fërderen;
  • d'Enseignante(ë)n an d'Formateuren/Formatricë méi ze ënnerstëtzen;
  • de kulturelle Patrimoine ze erhalen an d'Bewosstsi fir eng europäesch Identitéit a Kultur ze stäerken.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"