Bei den Inhalt goen

Liewenslaang Orientatioun

Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

Kontinuéierleche Prozess, deen et enger Persoun an all Alter erlaabt, a jiddwer Etapp vun hirem Liewen hir Fäegkeeten, Kompetenzen an Interessen ze bestëmmen, pertinent Decisiounen am Beräich vun der allgemenger a vun der berufflecher Bildung ze treffen an hire Liewensparcours a Bezuch op d'Léieren an op d'Aarbecht, gradewéi an all anerem Ëmfeld, an deem dës Fäegkeeten ugeluecht a benotzt ginn, ze geréieren.

Commentaire

  • D'liewenslaang Orientatioun ëmfaasst eng Rei vun individuellen a kollektiven, formellen oder net formellen Aktivitéiten, fir seng Karriär virunzedreiwen, dorënner z. B.: Informatioun, Berodung, Kompetenzebilan / Erstelle vun engem Kompetenzeprofil, Begleedung an Entwécklung vu Kompetenzen, fir mathëllef vu Karriäreducatiounsmoossnamen Decisiounen ze treffen a seng Karriär ze geréieren;
  • si kann zu all Moment vum Liewe stattfannen, vun der Schoul un a wärend dem ganze Beruffs- a Privatliewen;
  • d'Karriärsberodung kann am Presentiel, online (E-Mail, Chat) oder a kombinéierter Form a ville verschiddene Kontexter ugebuede ginn:

    • Beruffsausbildungszentren a -schoulen;
    • tertiär Bildungsariichtungen an Universitéiten;
    • ëffentlech a privat Aarbechtsvermëttlungen;
    • ëffentlech a privat Beruffsberodungszentren;
    • Betriber, Gewerkschaften, ONGen a Beruffsverbänn genee ewéi lokal Gemeinschaften;
  • liewenslaang Orientatioun fënnt u bestëmmten Transitiounspunkten als Sous-Ensembel vun der liewenslaanger Orientatioun statt, déi eng Verstäerkung vun de Fäegkeete mat sech bréngt; si erlaabt enger Persoun, iwwer hir Ziler, Interessen, Qualifikatiounen, Kompetenzen an Talenter nozedenken an dëst Wëssen iwwer sech selwer mat der Virstellung ze verbannen, wat si am Liewen an am Beruffsliewen eng Kéier kéint ginn;
  • liewenslaang Orientatioun ka verschidde Formen unhuelen:

    • Karriärseducatioun;
    • Informatioun iwwer d'Karriären;
    • Eenzel- a Gruppenorientatioun/-berodung;
    • Kompetenzebilan / Erstelle vun engem Kompetenzeprofil a psychometresch Tester;
    • Zesummenaarbecht mat Employeuren;
    • Entwécklung vun de Kompetenzen, déi gebraucht ginn, fir eng Aarbecht ze sichen a fir selbststänneg ze schaffen.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"