Bei den Inhalt goen

Programm vun der allgemenger oder berufflecher Bildung

Lescht Aktualiséierung : 29.11.2024

Definitioun

Ensembel vu logesch opgebauten Aktivitéiten, Formatiounsinhalter a Methoden, déi agesat ginn, fir festgeluechte pedagogesch Ziler (Uneegnung vu Wëssen, Knowhow, Informatiounen, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen) an engem bestëmmten Zäitraum ze erreechen.

Commentaire

De Begrëff "Programm" bezitt sech op d'Ëmsetzung vu Léieraktivitéiten, wärend de Begrëff "Curriculum" sech op d'Konzeptioun, d'Organisatioun an d'Plange vun dësen Aktivitéite bezitt.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"