Bei den Inhalt goen

Europäesch Kompetenzagenda

Lescht Aktualiséierung : 13.12.2024

Definitioun

Fënnefjoresplang vun der EU, mat deem Persounen an Entreprisen dobäi ënnerstëtzt solle ginn, méi a besser Kompetenzen ze entwéckelen a se ze notzen, andeem:
  • d'nohalteg Kompetitivitéit gestäerkt gëtt, sou wéi et am Europäesche Gréngen Deal virgesinn ass;
  • d'sozial Gerechtegkeet duerch d'Ëmsetzung vum éischten europäesche Pilier vun de Sozialrechter garantéiert gëtt: Zougang zu der allgemenger an der berufflecher Bildung an zu liewenslaangem Léiere fir all d'Mënschen an der EU;
  • d'Widderstandsfäegkeet géintiwwer Krise op der Basis vun de Léieren aus der COVID-19-Pandemie gestäerkt gëtt.
Commentaire

D'Europäesch Kompetenzagenda leet Ziler fest, déi bis 2025 op der Basis vun etabléierte quantitativen Indicateuren erreecht solle ginn:
  • Participatioun vun Erwuessenen am Alter tëscht 25 a 64 Joer u Léieraktioune bannent deene leschten 12 Méint: 50%;
  • Participatioun vu wéineg qualifizéierten Erwuessenen am Alter tëscht 25 a 64 Joer u Léieraktioune bannent deene leschten 12 Méint: 30%;
  • Undeel vun aarbechtslosen Erwuessenen am Alter tëscht 25 a 64 Joer mat enger rezenter Léiererfarung: 20%;
  • Undeel vun Erwuessenen am Alter tëscht 16 a 74 Joer, déi op d'mannst Basiskompetenzen am digitale Beräich hunn: 70%.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"