Bei den Inhalt goen

Identifikatioun vum net formellen a vum informelle Léieren

Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

Prozess fir d'Ermëttlung vu Wëssen, Knowhow, Informatioun, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen, déi eng Persoun sech a formellen an informelle Léierëmfelder ugëeegent huet, mam Zil, se ze dokumentéieren an hir Evaluatioun an hir (deelweis oder vollstänneg) Certificatioun ze erméiglechen.

Commentaire

D'Identifikatioun ass déi éischt vun de véier Validatiounsphase vun net formellem an informellem Léieren:

  • Identifikatioun vun de Léierresultater iwwer den Dialog mat enger Persoun;
  • Dokumentatioun vun dëse Resultater, fir se siichtbar ze maachen;
  • Evaluatioun vun dëse Resultater;
  • Certificatioun, déi zu enger deelweiser oder vollstänneger Qualifikatioun féiere kann.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"