Bei den Inhalt goen
Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

An der allgemenger an an der berufflecher Bildung, approuvéiert a formaliséiert Ausso vun enger unerkanntener Instanz, déi an engem bestëmmte Kontext festleet, wéi eng Reegele gëllen oder wéi eng Resultater ze erreeche sinn.

Commentaire

  • Eng Norm kann a quantitativer Form, mat absolutten oder relativen Zuele respektiv mathëllef vun Indikatoren oder a qualitativer Form, déi spezifesch a prezis formuléiert muss sinn, ausgedréckt ginn;
  • eng aner Ënnerscheedung kann d'Andeelung an Eingabe-, Prozess- an Ausgabenorme sinn (Pollitt a Bouckaert, 2004);

    • Eingabenorm: Ressourcen – z. B. d'Personal, d'Apprenanten, d'Material, déi zur Verfügung stoe missten, fir dat festgeluecht pedagogescht Zil ze erreechen;
    • Prozessnorm: Aktivitéiten, déi de Prestataire ëmsetze muss, fir Ausgaben ervirzebréngen;
    • Ausgabenorm: Leeschtungsniveau, deen ze erreechen ass;
  • eng aner Ënnerscheedung kann tëscht deene verschiddenen Normen (oder Referentielle) gemaach ginn, déi fir Programmer a Curriculae gëlle:

    • Beruffsreferentiel: Aktivitéiten an Aufgaben, déi fir eng berufflech Tätegkeet an hir Ausübung charakteristesch sinn;
    • Kompetenzreferentiel: Wëssen, Knowhow, Informatioun, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen a Verbindung mat der Ausübung vun enger berufflecher Tätegkeet;
    • Formatiounsreferentiel: Léierziler, Programminhalter, Zougangsbedéngungen an d'Ressourcen, déi néideg sinn, fir déi festgeluechten Ziler ze erreechen;
    • Evaluatiounsreferentiel: Léierresultater, déi ze evaluéiere sinn, a benotzte Method;
    • Validatiounsreferentiel: Leeschtungsniveau, deen déi evaluéiert Persoun erreeche soll, a benotzte Krittären;
    • Certificationsreferentiel: Reegele fir de Certificat oder den Diplom ze kréien, a Rechter, déi domat verbonne sinn.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"