Bei den Inhalt goen

Validatioun vun net formellem an informellem Léieren

Lescht Aktualiséierung : 13.12.2024

Definitioun

Prozess, bei deem en zoustännegen Organismus bestätegt, datt d'Léierresultater (Wëssen, Knowhow, Informatioun, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen), déi eng Persoun sech an engem net formellen oder informelle Kontext ugëeegent huet, op der Basis vun enger festgeluechter Norm evaluéiert goufen.

Commentaire

  • Validatioun vun de Resultater aus net formellem an informellem Léiere fënnt a véier verschiddenen Etappe statt: Identifizéierung, Dokumentatioun, Evaluatioun a Certificatioun vun de Léierresultater.
  • si mécht d'Wëssen an d'Fäegkeete vun enger Persoun siichtbar a verstäerkt hire Wäert;
  • d'Validatioun bezitt sech op verschidde Begrëffer an Akronymmen, dorënner: Validation des acquis de l'expérience, Unerkennung vu formellen an informellen Acquisen; Unerkennung vun den Acquisen; all dës Begrëffer ëmfaasse matenee verbonnen Notioune vun änleche Prozesser, déi mam Ervirhiewen a mat der Valorisatioun vu Wëssen a Kompetenze vu Persoune verbonne sinn.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"