De Formatiouns-Observatoire analyséiert den Zougang vun de Salariéen zu der Formatioun an de Formatiounseffort vun den Entreprisen op der Grondlag vun den Donnéeën, déi am Kader vun den Demandë fir de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber erhuewe ginn.
D'Donnéeën iwwer d'Formatioun an den Entreprisen zu Lëtzebuerg stame vun de lëtzebuergeschen Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi en ëffentleche Kofinanzement fir d'berufflech Weiderbildung an Usproch huelen. Unhand vun hiren Demanden ass et méiglech, hir Formatiounspraktiken ze analyséieren.
2021 kruten 2.248 Lëtzbuerger Entreprisen aus dem Privatsecteur d'staatlech Bäihëllef fir de Finanzement vun hirem Formatiounsplang. Dës Entreprisen hunn 1,3% vun hirer Lounmass an d'Formatioun investéiert. D'Salariéë hunn am Duerchschnëtt 4,9 Formatioune mat enger Dauer vu 3,0 Stonnen suivéiert. Eng Formatioun huet am Duerchschnëtt 167 Euro pro Participant a 56 Euro d'Stonn kascht. D'Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung vum Staat huet sech insgesamt op 32,5 Mio. Euro belaf.
2021 kuten 2.248 Entreprisen déi staatlech Bäihëllef fir d'Weiderbildung. Dës Entreprisen hunn eenzel oder als Grupp am Ganzen 1.711 Kofinanzéierungsdemanden agereecht. Op nationalem Niveau hunn 30,8% vun de Privatbetriber mat 10 oder méi Salariéen d'Bäihëllef an Usproch geholl, a 56,4% vun alle Salariéen aus dem Privatsecteur ware potenziell vun der betriblecher Weiderbildung betraff.
Déi Entreprisen, déi d'staatlech Bäihëllef kruten, hunn 1,3% vun hirer Lounmass fir d'Formatioun opbruecht. D'Formatiounen hunn an der Moyenne 167 Euro pro Participant a 56 Euro pro Stonn kascht. D'Prestatioune vun de Formatiounsinstituter hu 27% vum Investitiounsopwand vun den Entreprisen an d'Formatioun ausgemaach. De Beräich "Technik/Handwierker" huet 40% vum Investitiounsopwand vun den Entreprisen an 42% vun den absolvéierte Formatiounsstonnen ausgemaach. Hanner "Technik/Handwierker" waren d'Formatiounen an de Beräicher "Finanzen, Comptabilitéit an Droit" an "Qualitéit, ISO a Sécherheet" am meeschte besicht. Dës dräi Beräicher hunn zesumme 74% vun de Participatiounen u Formatiounen ausgemaach.
D'Salariéë vun den Entreprisen, déi vun der staatlecher Bäihëllef profitéiert hunn, hunn an der Moyenne 4,9 Formatioune mat enger Dauer vun 3,0 Stonne besicht. Fraen hunn duerchschnëttlech bal genee esou vill Formatioune gemaach ewéi Männer (4,8 géintiwwer 4,9), woubäi den Ecart an den Entreprise aus dem Beräich "Landwirtschaft an Industrie" besonnesch pregnant ass (5,8 géintiwwer 2,2). Salariéen a Féierungspositiounen hunn an der Moyenne 8,5 Formatiounen besicht, Dirigeanten 6,7, qualifizéiert Salariéen 5,0 an net qualifizéiert Salariéen 1,8. Weibleche Salariéen a Féierungspositiounen, Dirigeanten a qualifizéiert Salariéeë ware méi staark vertrueden (⌀ 8,3 bzw. 9,7 bzw. 5,1 Formatiounen) ewéi net qualifizéiert Fraen (⌀ 1,3 Formatiounen). D'"Salariéë+" konnten 3,5 Formatioune maachen.
Am Joer 2021 huet d'Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung de Staat insgesamt 32,5 Mio. Euro kascht. Am Verglach zu 2020 war dat eng Hausse ëm 24%. Den accordéierte Kofinanzement louch bei duerchschnëttlech 18.976 Euro pro Demande (Median: 4.530 Euro), bei 9,8 Euro pro Formatiounsstonn a bei 143 Euro pro Salarié.